Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Ewéi d’Administration des ponts et chaussées de 29. Januar matgedeelt huet, sinn an den Tunnellen Grouft a Stafelter op der A7 bis op Weideres a béid Richtungen jeeweils eng Spuer gespaart, an d’Vitesselimitatioun ass op 70 km/h reduzéiert ginn. Dës Mesurë si wéinst neie Problemer mat der Ventilatioun néideg ginn.
Schonn am Joer 2015 hat et ähnlech Problemer mat der Ventilatioun an den Tunnellen op der A7 ginn. Déi aktuell Restriktioune wäerten d’Fuerzäiten tëscht der Stad an dem Norden däitlech verlängeren a virun allem an de Stousszäite fir bedeitend Staue suergen, esouwuel op der A7 selwer ewéi och op den Auswäichstroossen am Uelzechtdall an an der Ëmgéigend.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Wéi oft waren d’Tunnellen op der A7 am Joer 2025 wéinst Aarbechten zou?
Wisou trieden d’Problemer mat der Ventilatioun an den Tunnellen op der A7 reegelméisseg erëm op?
Si just eenzel Elementer betraff oder ass et ee Problem vum gesamte Ventilatiounssystem?
Kann d’Madamm Ministesch präziséieren, wéi laang dës Aarbechten a Restriktioune virgesi sinn?
Ginn et keng aner Méiglechkeeten ewéi eng Spuer ze spären an d'Vitesse op 70 KM/h ze limitéieren, fir de Risiko vu Stau ze minimiséieren?
Ginn d’Streckeradaren an den Tunnellen ugepasst?
Här President, mir bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Charles Weiler Jeff Boonen
Députéierten Deputéierten