Braucht Lëtzebuerg eng gesetzlech Alterskontroll fir Pornoplattformen?

Ricardo MARQUES

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden. 

An engem rezenten Artikel an der lëtzebuergescher Press gouf drop higewisen, datt grouss international Pornoplattformen, dorënner Pornhub, an e puer Länner (z. B. am Vereenegte Kinnekräich, an eenzelne US-Bundesstaaten oder a Frankräich) e massive Réckgang vum Trafic verzeechent hunn, nodeems do strikt gesetzlech Obligatioune fir d’Altersverifikatioun agefouert goufen. D’Maison-mère vun dëse Plattformen, Aylo, déi juristesch zu Lëtzebuerg domiciliéiert ass, schwätzt vu Réckgäng vu bis zu 80 % vum Trafic a rifft gläichzäiteg déi grouss Tech-Konzerner dozou op, “device-based” Altersverifikatiounssystemer z’entwéckelen, déi um Niveau vum Betribssystem oder vum Apparat selwer ugewend ginn, an net méi op all eenzele Site.

Gläichzäiteg ginn europäesch a national Institutiounen ëmmer nees drop opmierksam, datt d’fräi Accessibilitéit vu pornographeschem Contenu fir Kanner a Jugendlecher e wuessende Risiko fir hir Entwécklung duerstellt, an et gëtt op EU-Niveau am Kader vum Digital Services Act souwéi an eenzele Memberstaaten u méi effikassen Alterskontrollmechanismen geschafft.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Connectivitéit stellen:

  • Wéi schätzt d’Regierung d’Problematik an, datt Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg haut relativ einfach op fräi zougänglech Pornoplattformen zougräife kënnen?

  • Ass d’Regierung derfir op, zu Lëtzebuerg eng spezifesch gesetzlech Obligatioun anzeféieren, déi virgesäit, datt Websäite mat enger gewësser Proportioun u pornographeschem Contenu nëmme kënnen aus Lëtzebuerg eran erreechbar sinn, wann eng verifizéiert Alterskontroll fir Benotzer iwwer 18 Joer implementéiert ass?

  • Wéi steet d’Regierung zu der vun Aylo proposéierter “device-based” Altersverifikatioun, wou den Alter iwwer de Betribssystem eemol verifizéiert gëtt an duerno iwwer eng sécher API un d’Websäiten iwwermëttelt gëtt?

     

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Ricardo MARQUES

Deputéierten