Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
An der Äntwert vum 29. Oktober 2025 op déi parlamentaresch Fro n° 2959 vum 30. September 2025 huet d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ugekënnegt, datt den Ausbau vun der B7 tëscht Schieren an Ettelbréck deemools an der Virbereedungsphas war. Et wier virgesinn, am November 2025 mat den ekologeschen Ausgläichsmoossnamen unzefänken. Gläichzäiteg gouf ugekënnegt, datt dat 1.Lous, de Bau vum neie Viaduc vu Schieren, nach am Joer 2025 ausgeschriwwe soll ginn an datt d’Aarbechten am September 2026 ufänke sollten. Fir de gesamten Ausbau op 2x2 Spuere war deemools eng Bauzäit vu ronn véier Joer virgesinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
Ass deen am Oktober 2025 ugekënnegten Zäitplang, mat engem Ufank vun den eigentlechen Aarbechten am September 2026, nach ëmmer aktuell? Falls den deemools ugekënnegten Zäitplang net méi agehale ka ginn: Wat sinn déi konkret Grënn fir dës Ännerungen a wéi gesäit den aktuellen Zäitplang elo aus?
Goufen déi ugekënnegten ekologesch Ausgläichsmoossnamen am November 2025 ugefaangen? Wéi eng konkret Moossname goufen zanterhier ëmgesat, a wéi eng dovunner sinn aktuell nach net ofgeschloss?
Goufen all déi fir de Projet néideg ekologesch an naturschutzrechtlech Viraussetzunge mëttlerweil erfëllt, fir datt d’Bauaarbechten um Projet kënnen ufänken? Ginn et nach Ëmwelt-, Naturschutz- oder Geneemegungsprozeduren, déi den Ufank vun den eigentleche Bauaarbechte kéinte beaflossen?
Gouf d’Ausschreiwung fir dat 1.Lous, de Bau vum neie Viaduc vu Schieren, wéi am Oktober 2025 ugekënnegt, nach am Joer 2025 lancéiert? A wéi enger Etapp befënnt sech d’Prozedur aktuell?
Am Oktober 2025 war eng Gesamtdauer vun ongeféier véier Joer fir den Ausbau op 2x2 Spueren annoncéiert ginn. Ass dës Dauer nach ëmmer realistesch?
Wat ass den aktuelle geplangten Datum fir d’Fäerdegstellung vum gesamten Ausbau tëscht den Echangeure Schieren an Ettelbréck?
Huet sech de finanzielle Gesamtvolumme vum Projet zanter der parlamentarescher Fro n°2959 geännert?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Paul SCHAAF
Deputéierten