Ass déi aktuell Regelung iwwert d’Gëltegkeetsdauer vum Plastiks-Fürerschäin nach sënnvoll a kohärent mat der Dauer vun der Fuererlabnis?

Stéphanie WEYDERT

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Et ass gewosst, dass zum Beispill de B-Fürerschäin gülteg ass bis dem Detenteur säi 50. respektiv 60. Gebuertsdag. Wärend deen rosa Pobeier-Fürerschäin gülteg ass bis den Detenteur 50 Joer huet, huet déi Plastikskaart vum Fürerschäin just nach eng Gültegkeet vun 10 Joer obwuel d’Fuererlabnis bis de 60. Gebuertsdag gëllt. Dat heescht konkret datt den Autosfürerschäin bis de 60. Gebuertsdag vum Detenteur gülteg ass, awer den Instrumentum, also déi Plastikskaart op där den Fürerschäin ausgestallt ass, all 10 Joer ofleeft. Dëst schéngt net immens bekannt ze sinn, sou datt eng Rei Detenteure vum Fürerschäin een ofgelafent Dokument bei sech droen.

Donieft ginn et Persounen déi Fürerschäiner fir verschidde Gefierer hunn, déi méi reegelméisseg mussen erneiert ginn wéi z.B. Camion oder Bus, an awer och hei stëmmt den Oflafdatum vum Dokument net mam Gebuertsdatum deen gëllt fir d’Fuererlabnis iwwerteneen.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen :

  • Kann d’Madame Ministesch confirméieren, dass d’Dokument (den Instrumentum) vum Fürerschäin eng Gëltegkeetsdauer vun nëmmen 10 Joer huet, obwuel d’Fuererlabnis, déi et ausweist, eng méi laang Dauer huet? Ginn et Ausnamen dozou?

  • Falls jo, firwat ass dat esou a firwat gëllt déi Kaart net méi wéi beim ale rosa Fürerschäin bis zum 50. respektiv 60. Gebuertsdag vum Detenteur? Ass virgesinn, d’Regelung unzepassen, sou datt d’Gültegkeet vum Dokument a vun der Fuererlabnis nees mam Datum iwwertenee stëmmen? 

  • Wat ass un där Platikskaart sou besonnesch, datt se just eng limitéiert Gültegkeet huet?

  • Ginn d’Automobiliste protokolléiert, wann si mat enger ofgelafer Fürerschäinkaart ugehale ginn obwuel hier Fuererlabnis nach gëlteg ass?

  • Mussen d’Detenteure vum Fürerschäin hir Kaart all 10 Joer erneieren an all 10 Joer déi 30€ fir den Timbre de chancellerie bezuelen?

  • Wéi ass d’Prozedur wann een Fuererlabnisser fir verschidde Gefierer huet, déi mat aaneren Échéancen oflafen, wéi zB Camion oder Bus a falen hei all Kéiers Käschten fir d’Erneierung un? 

  • Gëtt et statistesch Date dozou, wéi vill Fürerschäiner (Instrumentum) aktuell ofgelaf sinn obwuel d’Fuererlabnis nach gülteg ass?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert

        Deputéiert