Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weider ze leeden.
D'Planung vum Vëloswee PC-12, deen op der fréierer Zuchstreck tëscht Klengbetten iwwert Hoen op Stengefort verlafe soll, ass an enger entscheedender Phas. Éischt praktesch Schrëtt fir d'Realisatioun vun dëser Vëlospist goufe Mëtt Februar duerch d’Ewechhuele vu Beem, Hecken a Straicher scho gemaach. Grondsätzlech ass d'Erschléissung an d'Vernetzung vun den Dierfer iwwer e séchere Vëlosreseau ze begréissen. Allerdéngs bréngt dëse Projet och eng Rei Suergen an Onkloerheete mat sech, besonnesch fir d'Awunner, déi direkt concernéiert sinn. Aus Gespréicher mat de Bierger geet ervir, datt eng transparent an ëmfaassend Informatiounspolitik feelt.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un de Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit stellen:
Hunn de Ministère fir Ëmwelt an d'Verwaltung vun de Ponts et Chaussées den involvéierte Bierger all déi Informatiounen zougänglech gemaach, op déi si en Usproch hunn an ugefrot hunn?
Ass et korrekt, datt déi zoustänneg Acteuren eng gemeinsam Versammlung mat den Awunner ofgeleent hunn, an där d'Elementer vum Projet am Detail hätte kënnen diskutéiert ginn?
Goufen am Virfeld all néideg Etüde gemaach, fir Schied un der Ëmwelt an der Gesondheet vun de Bierger auszeschléissen? Sinn d’Risiken duerch d’Materialie vum alen Zuchtracé, wéi z.B. al Schwellen, déi mat Kreosot behandelt goufen, analyséiert ginn?
Ass assuréiert, datt dobäi all d'Mesuren an d'Krittäre vum Bautereglement agehale ginn?
Sinn d'Acteuren sech de Risike bewosst, déi den Ausbau op d'Oflafe vum Uewerflächewaasser kéint hunn, absënns mat Bléck op d'Gefor vun Iwwerschwemmunge bei Staark- oder Dauerreen?
Kann ausgeschloss ginn, datt de fréieren Eisebunnstalus duerch d'Bauaarbechten onstabil gëtt an d'Gefor vu Äerdrutschungen entsteet?
Sinn am Kader vun dësem Bauprojet spezifesch Kompensatiounsmoossname virgesinn?
Wier et net am Sënn vun der Transparenz noutwendeg, d'Awunner scho virum Start a virun all weiderer Phas vum Projet iwwer d'Detailer vun den Aarbechten ze informéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Paul Galles
Deputéierten