Wéi vill Prozent vun den ëffentleche Gebaier si mat enger Solaranlag ausgestatt a wat ass d’Zilsetzung fir 2030?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den erneierbaren Energië bei ëffentleche Gebaier un de Minister fir Energie weider ze leeden.

Duerch di bestoend Klimakris ass et noutwendeg dass all di verschidden Acteuren aus der Gesellschaft zesumme schaffe fir hiren Deel vun der Verantwortung ze iwwerhuele fir dass mir esou ons Klimaziler nach eventuell kënnen erreechen a soumatt d’Äerderwiermung begrenzen. Do dréit och de Staat seng Verantwortung a muss eng Virreiderroll spillen. Grousst Potenzial besteet besonnesch bei der Installatioun vu Solaranlagen op ëffentleche Gebaier, souwéi der energetescher Sanéierung vun dëse Gebaier. Dëst ass och néideg wann de Staat säin Zil vun der Klimaneutralitéit an domadder de klimaneutrale Verwaltunge wëll erreechen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéi vill Prozent vun den ëffentleche Gebaier si mat enger Solaranlag ausgestatt a wat ass d’Zilsetzung fir 2030? Bei wéi vill Prozent vun dëse Gebaier ass et net méiglech eng Solaranlag ze installéieren, sief et zum Beispill aus Denkmalschutzgrënn oder well et ekonomesch kee Sënn ergëtt?
  • Wéi eng Energieklass‘en hunn d’ëffentlech Gebaier ënnert der Verwaltung vum Staat? Kann de Minister den Undeel un de Gebaier prozentual pro Energieklass wegl. uginn (Energieeffizienzklass a Wärmeklass)? Wat ass och hei d’Zilsetzung fir 2030?
  • Wéi vill Prozent vun de ëffentleche Gebaier gëtt nach mat fossillen Energien gehëtzt? Wat ass Zilsetzung fir dës Gebaier mat enger Wärmepompel oder aneren ëkologeschen Alternativen auszestatten.

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck