Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.
D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet rezent virun de Geforen duerch E-Zigaretten, besonnesch fir Kanner a Jugendlecher, gewarnt. Laut der WHO ginn et mëttlerweil méi wéi 100 Millioune Mënschen, déi weltwäit „vapen“, also E-Zigarette benotzen. Besonnesch alarméierend ass, datt op mannst 15 Millioune vun hinnen tëscht 13 a 15 Joer al sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:
Wéi bewäert d’Regierung déi rezent Warnunge vun der WHO iwwert d’Gesondheetsgeforen duerch E-Zigaretten, besonnesch fir Kanner a Jugendlecher?
Sinn der Regierung aktuell Donnéeën iwwert d’Benotzung vu E-Zigarette bei jonke Leit zu Lëtzebuerg bekannt, a wéi hunn dës sech an de leschte Joren entwéckelt?
Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir de Verkéier, d’Reklamm an de Konsum vun esou Produkter bei Mannerjärege besser ze reguléieren oder ze limitéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt
Deputéiert