Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Sportsminister weiderzeleeden.
D’Léierpersonal vun de Schoulen, dat d’Schüler·innen am Kader vun de Schwammcoursen an och am Kader vun der LASEP (Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire) begleet, muss am Besëtz vum „Junior Life Saver“-Brevet sinn, fir d’Sécherheet vun de Kanner am Waasser ze garantéieren. Dee Brevet huet awer nëmmen eng Gültegkeetsdauer vun zwee Joer.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugendun an un den Här Sportsminister stellen:
Gëtt et Ausnamen zu der Gültegkeet vum „Junior Life Saver“-Brevet fir d’Léierpersonal?
Gëtt d’Gültegkeet vum „Junior Life Saver“-Brevet vum Léierpersonal reegelméisseg iwwerpréift? Wa jo, ween ass dofir zoustänneg?
Hunn d’Krittäre fir d’Erhale vum „Junior Life Saver“-Brevet sech an de leschte Jore geännert?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert