Austausch mam OKAJU iwwer d’Reforme vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht

De 24. September 2026 hunn d’CSV-Deputéiert Laurent Zeimet, Jeff Boonen, Alex Donnersbach a Paul Galles sech mam Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU), ausgetosch.

Am Mëttelpunkt vun der Entrevue stoungen déi aktuell Reformen am Jugendschutz an am Jugendstrofrecht zu Lëtzebuerg. Diskutéiert gouf ënner anerem, wéi déi geplangte Reformen d’Realitéit an d’Erfarunge vum Terrain nach besser kënne berücksichtegen.

En anere Schwéierpunkt war den Dialog tëscht de verschiddenen Acteuren, déi am Beräich vum Jugendschutz a vum Jugendstrofrecht aktiv sinn. Dobäi goung et ëm d’Fro, wéi den Austausch an d’Zesummenaarbecht tëscht de betraffenen Institutiounen a Professionelle kënne verbessert ginn.

D’Entrevue mam OKAJU huet et erméiglecht, Erfarungen an Observatioune vum Terrain an d’Diskussioun ronderëm déi aktuell Reformen anzebréngen an hir praktesch Ëmsetzung ze thematiséieren.