Wéi mir schaffen

No de Walen vum 8. Oktober 2023 ass CSV-Fraktioun déi gréisst politesch Fraktioun um Krautmaart. CSV-Fraktioun ass déi parlamentaresch Vertriedung vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei. Si zielt 21 Memberen.

Fraktioun

Nieft der viller legislativer Aarbecht déi an der CSV-Fraktioun geleescht gëtt, sinn eis Memberen och Auteure vu verschiddene Gesetzespropositioune souwéi parlamentareschen Ufroen zu de verschiddensten Themen. Ausserdeem froen d’CSV-Deputéiert reegelméisseg Aktualitéitsstonnen, Interpellatiounen an Orientéierungsdebatten un. Och ginn ëmmer erëm eng Rei Motiounen a Resolutioune vun der CSV-Fraktioun an der Chamber hannerluecht.

Fraktiounen déi an der Chamber vertruede sinn, sinn d’Haaptacteuren an der parlamentarescher Aarbecht. Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, genéisse Fraktioune verschidde Privilegéier a Kompetenzen, déi deen eenzelnen Deputéierten net besetzt.

Am Géigesaz zu villen aneren, méi grousse Länner ass et bei eis seelen, dass een eenzelnen Deputéierten ee perséinleche Mataarbechter engagéiert.

CSV Fraktioun verfüügt iwwer een «Pool de collaborateurs» wou Mataarbechter fir de Suivi vun der parlamentarescher Aarbecht responsabel sinn. De Pool besteet aus «Conseillers Parlementaires» a gëtt vun engem Fraktiounssekretär geleet. Si all ginn an hirer Aarbecht vun engem administrative Sekretariat ënnerstëtzt.

D’Mataarbechter aus dem Pool schaffen zesumme mat den Deputéierten un de politeschen Dossieren a begleeden si an hirer alldeeglecher Aarbecht an der Chamber.

Fraktiounsbüro

De Büro vun der CSV-Fraktioun ass déi responsabel Instanz an allen administrative Froe vun der Fraktioun. Hien decidéiert ausserdeem déi extern Kommunikatiounsstrategie vun der Fraktioun an tranchéiert, wann néideg, an internen Ugeleeënheeten. Hie kann och politesch Theme virbereeden, déi dann zu engem spéideren Zäitpunkt an der Fraktiounsversammlung debattéiert ginn. De Bureau setzt sech aus sechs Membere mat gläichem Stëmmrecht zesummen a gëtt geleet vum President vun der Fraktioun. Ënnert de Membere befënnt sech och de Fraktiounssekretär. De Fraktiounssekretär, dee kee Stëmmrecht huet, hëlt un de Bürossetzungen deel, an dat mat berodender Stemm.

Membere vum Bureau si Laurent Zeimet (Fraktiounspresident), Diane Adehm (Vizepresidentin), Stéphanie Weydert (Vizepresidentin), Paul Galles, Octavie Modert, Charles Weiler (Memberen), Michel Wolter a Claude Wiseler (Observateuren) an Norry Dondelinger (Fraktiounssekretär).

Presidentekonferenz

Am Moment ginn et 4 Fraktiounen (CSV, LSAP, DP, ADR) an 3 politesch Sensibilitéiten (déi Gréng, Piraten, déi Lenk). Hir jeeweileg Presidente bilden zesumme mam Chamberpresident déi sougenannte Presidentekonferenz. Dëse Gremium setzt Dagesuerdnung vun der Chamber fest an aviséiert an hirer Funktioun als parlamentarescht Organ, verschidde groussherzoglech Reglementer. Dozou gehéieren och europäesch Direktiven déi an nationaalt Recht ëmgesat musse ginn. Fir CSV-Fraktioun setzt de Fraktiounspresident als Member an der Presidentekonferenz.

Chamberbureau

D’Fraktiounen an déi politesch Sensibilitéite bestëmmen hir jeeweileg Kandidate vir an de Chamberbureau. Ausserdeem nominéieren se d’Membere vun de parlamentaresche Kommissiounen. Schlussendlech hunn d’Fraktioune wéi och déi politesch Sensibilitéiten Urecht op finanziell Zoulagen, a Kreditter fir déi ufalend Funktiounskäschte wéi zum Beispill Mataarbechteronkäschten ofzedecken. Fir d’CSV-Fraktioun si Member vum Chamberbureau: Claude Wiseler (Président de la Chambre), Michel Wolter (Vice-Président de la Chambre), Laurent Zeimet (membre du Bureau), Diane Adehm (membre du Bureau), Octavie Modert (membre suppléant permanent).

Parlamentaresch Kommissiounen

Déi parlamentaresch Kommissioune sinn an dräi verschidde Kategorien opgedeelt: Et gi reglementaresch Kommissiounen, permanent Kommissiounen a spezial Kommissiounen. Wann Chamber hiren droit d’enquête ausüübt a Beräicher, wou si der Meenung ass, dass de Gesetzgeber eng Ënnersichung muss maachen, da gëtt eng Enquête-Kommissioun geschafen, déi riichterlech Gewalt besetzt; well si huet nämlech déi selwecht Pouvoir’en, wéi een Ënnersichungsriichter. 

Et gi 4 reglementaresch Kommissiounen: 

(1) D’Commission du Règlement befaasst sech mam Chambersreglement an diskutéiert Ännerungsvirschléi iert se an der Chamber zum Vote gestallt ginn. (2) D’Commission des Comptes befaasst sech mat der Opstellung an dem Kontroll vun den interne Compte vun der Chamber. (3) D’Commission du Contrôle parlementaire du Service de Renseignement de l’Etat kontrolléiert an suivéiert d’Aktivitéite vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht. (4) D’Commission des Pétitions examinéiert déi verschidde Petitiounen déi Bierger an der Chamber iwwerginn. Jiddwer Bierger huet duerch Verfassung d’Recht eng Petitioun un d'Chamber ze adresséieren. 

Spezialkommissioune ginn agesat, wa spezifesch Debatte virbereet musse ginn, deenen hire Sujet net a priori vun engem ministeriellem Departement ofhänkt. Si kennen och als Missioun hu wärend enger Sessioun, oder enger ganzer Legislaturperiod spezifesch Dossieren ze suivéieren an ze verdéiwen. Iwwert dësen Dossier gëtt dann eng an der Chamber debattéiert.