Laurent Zeimet neie President vun der Spezialkommissioun Tripartite

Mir setzen alles drun, déi Mesurë séier duerch d’Chamber ze kréien, fir datt d’Entlaaschtunge séier bei de Leit an de Betriber ukommen.
Laurent Zeimet

De Laurent Zeimet gouf als President vun der Spezialkommissioun Tripartite ernannt.

Dës Spezialkommissioun beschäftegt sech mat de Projeten, déi déi eenzel Punkten aus dem Tripartite-Accord ëmsetze sollen.

Mam Zil fir d’Kafkraft ze stäerken, d’Economie ze schützen an d’Energietransitioun ze beschleunegen.