Ausbléck op Chamberwoch

Dës Woch ginn an der Chamber nees eng hellewull Projeten diskutéiert an interessant Sujeten debattéiert.

An de Chamberkommissiounen ass ervirzehiewen dass d’Spezialkommissioun „Tripartite“ fir d’éischte Keier zesummekënnt.

Dës Spezialkommissioun beschäftegt sech mat de Projeten, déi déi eenzel Punkten aus dem Tripartite-Accord ëmsetze sollen.

D’Zil ass, déi Mesurë séier duerch d’Chamber ze kréien, fir datt d’Entlaaschtunge séier bei de Leit an de Betriber ukommen.

An den ëffentleche Sëtzunge kennt et als éischt zu enger Froestonn un d’Regierung, duerno geet et e.a. em follgend Projeten :

D’Roll vum Staat an eiser Wirtschaft

Chamber debattéiert am Kader vun enger Interpellatioun d’Roll vum Staat an der Wirtschaft.

Independanten

Virum Hannergrond vun ekonomeschen Onsécherheeten, steigenden Energiepräisser an Inflatioun gëtt iwwer d’Situatioun vun de Selbststännegen debattéiert.

Asyl- an Immigratiounsgeriicht

Observatoire de l’habitat

Den Observatoire de l’habitat soll eng kloer gesetzlech Basis kréien. Domat ginn och seng Missioune méi genee festgehalen.

Neie Lycée zu Schëffleng

Den neie Lycée zu Schëffleng ass neideg fir de Schülerwuesstem am Süden opzefänken an d’international a méisproocheg Offer auszebauen.

Representatioun vun den Elteren

D’national Elterevertriedung soll gestäerkt ginn. Hir Kompetenze ginn op Strukture wéi Maison relais, Foyeren a Betreiungsservicer ausgedeent.

Géint Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung

D’Gesetz géint Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung kritt en Update.

Ënnerstëtzung fir Bibliothéiken

Ëffentlech a spezialiséiert Bibliothéike solle méi gezielt finanziell ënnerstëtzt ginn.

Planzeschutzmëttel

Gesetz iwwer Planzeschutzmëttel gëtt reforméiert. D’Zil ass e méi nohaltegen Ëmgang mat Pestiziden.

IVG an der Verfassung

D’Fräiheet, op eng IVG zeréckzegräifen, soll mam zweete Vote an der Chamber an d’Verfassung kommen.

Fonds National de la Recherche

No gutt 25 Joer gëtt de legale Kader vum FNR un d’Entwécklung vun der Fuerschungslandschaft ugepasst ginn.

Studiebäihëllefen

D’finanziell Hëllefe vum Staat fir Studente ginn iwwerschafft.

Veterinären

Bei de Veterinäre ginn d’europäesch Formatiounsufuerderunge moderniséiert a gläichzäiteg gëtt méi kloer gereegelt, wéi Diplomer a Formatiounen zu Lëtzebuerg unerkannt ginn.