Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Mobilitéitsministesch weiderzeginn.
An der Annex 6 mam Titel « La série courante et personnalisée des numéros d’immatriculation pour véhicules routiers » vum ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 26. Januar 2016 iwwert d’Zouloossung an d’Immatrikulatioun vu Stroossegefierer sinn d’Modalitéite fir d’Zoudeelung vun den Immatrikulatiounsnummeren definéiert.
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 3051 vum 16. Oktober 2025 iwwert d’«Régularisation des plaques d'immatriculation et réglementation des combinaisons de lettres et de chiffres autorisées » huet d’Madamm Mobilitéitsministesch Yuriko Backes sech op dat Reglement beruff an erkläert, datt verschidde Buschtawekombinatiounen net benotzt kënne ginn. Dorënner falen d’Kombinatiounen HJ, KK, KZ, PD, SA, SS a WC, déi schonn zanter der Aféierung vum System am Joer 2003 ausgeschloss sinn.
Dës Reegelung soll verhënneren, datt verschidde sensibel oder historesch belaaschte Kombinatiounen am normale System vun den Immatrikulatiounsplacken erëm opdauchen. Viru kuerzem gouf awer gläich e puer Mol e Gefier op der ëffentlecher Strooss gesinn, deem seng Immatrikulatiounsplack mat de Buschtawen SS ugefaangen huet.
Mengen Informatiounen no, hunn doriwwer eraus e puer Proprietäre rezent festgestallt, datt nach en aneren Auto mat der hirer Plackennummer ënnerwee ass.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un d’Madamm Mobilitéitsministesch stellen:
Kann d’Madamm Ministesch confirméieren, datt e Gefier mat enger entspriechender Immatrikulatiounsplack am ëffentleche Verkéier zougelooss ass?
Wa jo, handelt et sech bei dësem Nummereschëld ëm eng offiziell vun der SNCA ausgestallte Plack oder ëm eng speziell Serie, déi net ënnert déi allgemeng Reegele fält?
Ass et méiglech, datt déi selwecht Plackennummer méi wéi eemol zougedeelt gëtt?
Wa jo, ënner wéi enge Konditiounen ass dat méiglech?
Ginn et Kontrollmechanismen, fir festzestellen, ob Immatrikulatiounsplacken am Verkéier de gültege gesetzlechen a reglementaresche Virschrëften entspriechen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.