Landwirtschaft muss sech un de Klimawandel upassen
De Jeff Boonen war e Mëttwoch de Moien „Invité vun der Redaktioun“ op RTL. Am Mëttelpunkt vum Gespréich stoung d’Fro, wéi d’Lëtzebuerger Landwirtschaft mat de verännerte klimatesche Bedéngungen ëmgoe kann a wéi eng politesch Kaderbedéngungen et brauch, fir d’Betriber dobäi ze ënnerstëtzen.
Déi aktuell Dréchent stellt vill Bauerebetriber viru grouss Erausfuerderungen. Zu den héijen Energie- an Düngerpräisser an den deelweis niddrege Präisser fir landwirtschaftlech Produite kënnt dëst Joer de Mangel u Fudder dobäi. Eng Rei Betriber mussen dowéinst schonn op hir Reserven zeréckgräifen. Gläichzäiteg gëtt d’finanziell Situatioun fir vill Betriber ëmmer méi ugespaant. Besonnesch d’Liquiditéit bleift, esou de Jeff Boonen, eng vun de groussen Erausfuerderungen.
An dësem Kontext géifen och Reserven a Risikopreventioun ëmmer méi u Bedeitung gewannen. Betriber, déi an de leschte Jore Fudderreserven uleeë konnten, wieren an der aktueller Situatioun besser opgestallt. Och d’Ernteausfallversécherung wier e wichtegt Instrument, fir Betriber bei konkrete Schied gezielt ofzesécheren. Si kéint awer net déi eenzeg Äntwert op d’Folge vum Klimawandel sinn. Sollten extrem Wiederphenomener an Zukunft méi heefeg ginn, misst d’Landwirtschaft och strukturell méi resilient opgestallt ginn.
Fir de Jeff Boonen ass dofir kloer, datt d’Landwirtschaft sech un de Klimawandel upasse muss. Gläichzäiteg wier et un der Politik, déi néideg Kaderbedéngungen ze schafen.
Dobäi missten och Klimaschutz a landwirtschaftlech Produktioun zesumme geduecht ginn. Et wier net ziilféierend, d’Produktioun zu Lëtzebuerg aus Klimaschutzgrënn ze reduzéieren, wann déi selwecht Produiten duerno aus dem Ausland importéiert ginn. An deem Fall géifen d’Ëmweltimpakter net verschwannen, mee just an aner Länner verluecht ginn.
Och bei der Véihaltung misst déi laangfristeg Entwécklung berücksichtegt ginn. Wann duerch méi dréche Joren ëmmer méi Fudder muss aus dem Ausland zoukaaft ginn, wier dat weder wirtschaftlech nach ekologesch eng nohalteg Perspektiv. De Véibestand misst sech dofir op Dauer un de Flächen an de Ressourcen orientéieren, déi zu Lëtzebuerg zur Verfügung stinn.
Méi Geméisbau brauch och Bewässerung
E weidert Thema vum Gespréich war den Uebst- a Geméisbau. D’Regierung huet sech zum Zil gesat, déi regional Produktioun an dëse Beräicher auszebauen. Fir de Jeff Boonen ass awer kloer, datt professionelle Geméisbau ouni zouverlässeg Bewässerungsméiglechkeete kaum méiglech ass.
Wann d’Politik méi regional Uebst- a Geméisproduktioun wëll, missten dofir och déi néideg Infrastrukture geschaf ginn. Dozou gehéieren ënner anerem Méiglechkeeten, Waasser opzefänken an ze späicheren, fir et a längeren Drécheperioden fir d’Bewässerung notzen ze kënnen.
De Jeff Boonen huet an deem Zesummenhang op eng Rei lafend Pilotprojete verwisen. Déi néideg Etüden an d’Analyse vun den Ëmweltimpakter wiere wichteg mä no Jore vun der Planung misst een awer elo zu konkrete Resultater kommen.
Generell dierft den Ëmweltschutz, esou de Jeff Boonen, net zu enger dauerhafter Blockade vu Projeten féieren. Ëmweltoplagen an Etüde wieren néideg, mee um Enn misst d’Politik och Decisiounen huelen an d’Ëmsetzung vu sënnvolle Projeten erméiglechen.
Kritik um Ëmgang mam Projet Onperfekt
Am Interview gouf och d’Zukunft vun der Initiativ Onperfekt thematiséiert. De Projet keeft ënner anerem Uebst a Geméis op, dat wéinst senger Form oder Gréisst net den übleche Verkafskrittären entsprécht, a setzt sech gläichzäiteg mat Sensibiliséierungsaarbecht an de Schoulen géint Liewensmëttelverschwendung an.
De Jeff Boonen huet déi kuerzfristeg Kënnegung vun der Konventioun mam Projet kritiséiert, well d’Initiativ senger Meenung no am Aklang mat den deklaréierte politeschen Ziler fir eng méi nohalteg Ernärung steet.
Dofir sollten déi concernéiert Ministèrë gemeinsam no enger Léisung sichen, fir dem Projet eng dauerhaft Perspektiv ze ginn.
Replay:
Source - https://www.rtl.lu/news/national/jeff-boonen-president-vun-der-landwirt…