Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Ëmmer nees kënnt et vir, datt Camionen an aner grouss Gefierer sech an enke Stroossen a Gaassen an eisen Dierfer verfueren. Dacks geschitt dat, well d'Navigatiounssystemer d'Chaufferen iwwer Stroosse féieren, déi wéinst hirer Breet, hirem Verlaf oder anere bauleche Gegeebenheeten net fir esou Gefierer gëeegent sinn. Dës Situatioune kënnen net nëmmen zu Verkéiersbehënnerungen a Schied un der Infrastruktur féieren, mee och d'Sécherheet vun den Awunner a Gefor bréngen.
Dobäi ass et wichteg, datt d'Navigatiounssystemer déi lokal Verkéiersbeschränkungen an déi spezifesch Ufuerderunge vu schwéiere Gefierer berücksichtegen. Gläichzäiteg ass eng ausräichend Informatioun vun auslännesche Camionschaufferen iwwer déi zu Lëtzebuerg gëllent Stroossebenotzungsgebühren (Eurovignette) an déi fir de Schwéierverkéier virgesinne Verkéiersachse vu grousser Bedeitung, fir ze verhënneren, datt dës Gefierer op Stroossen auswäichen, déi net fir de Schwéierverkéier gëeegent sinn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
- Huet de Ministère Kenntnis vun dëser Problematik? Wa jo, ginn et Statistiken iwwer Fäll, an deene Camionen oder aner grouss Gefierer sech opgrond vun hiren Navigatiounssystemer a Stroosse verfuer hunn, déi net fir si gëeegent sinn?
- Wéi eng Mesurë ginn et aktuell, fir ze verhënneren, datt Navigatiounssystemer Camionen duerch Stroossen a Wunnquartiere féieren, déi net fir de Schwéierverkéier gëeegent sinn? Besteet an dësem Kontext eng coordinéiert Zesummenaarbecht tëscht dem Staat, de Gemengen an den Ubidder vun Navigatiounssystemer, fir lokal Verkéiersbeschränkungen an déi entspriechend digital Kaarten ze integréieren?
- Ginn et op europäeschem Niveau Initiativen oder konkret Mesuren, fir sécherzestellen, datt Navigatiounssystemer fir Camionen d'Dimensiounen an d'Gewiicht vun de Gefierer souwéi déi lokal Verkéiersbeschränkunge berücksichtegen? Falls jo, wéi eng Positioun vertrëtt Lëtzebuerg an dësem Dossier?
- Gesäit d’Madamm Ministesch Handlungsbedarf, fir d'Informatioun vun de Camionschaufferen an d'Zesummenaarbecht mat den Ubidder vun Navigatiounssystemer ze verbesseren, fir esou den onnéidege Schwéierverkéier duerch eis Dierfer ze reduzéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.