Laurent Zeimet: „Mir liewen net méi an de gemittlechen 90er Joren“
D’Dronevirfäll zu Lëtzebuerg, d’Sécherheet an Europa, den Opstig vu rietse Parteien, Migratioun an déi sozial Netzwierker. Am RTL-„Background am Gespréich“ huet de CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet zu enger Rei aktuellen Dossiere Stellung geholl. Seng Haaptausso: Europa muss méi staark ginn a méi Verantwortung fir seng eege Sécherheet iwwerhuelen.
Dronevirfäll: „Et soll een net panikéieren“
No de rezenten Dronevirfäll iwwer Lëtzebuerg warnt de Laurent Zeimet viru Spekulatiounen. Et soll een „net panikéieren“, sot hien. Positiv wier, datt de Sécherheetsdispositif fonctionéiert an déi zoustänneg Servicer reagéiert hätten.
Gläichzäiteg misst een d’Virfäll eescht huelen. Wann e puer mol bannent enger Woch méi grouss Dronen iwwer dem Land opdauchen, wier dat kaum Zoufall. Elo misst ofgewaart ginn, wat d’Enquêten erginn.
Méi europäesch Verdeedegung
Fir de CSV-Fraktiounspresident weisen déi international Spannungen, datt Europa sech op eng nei Realitéit astelle muss.
„Mir sinn net méi an deene rouegen, gemittlechen 90er Joren“, sot de Laurent Zeimet. Europa misst seng eege Verdeedegungsfäegkeet stäerken.
Dobäi geet et fir hien net nëmmen ëm méi Ausgaben. Europa brauche och eng staark Verdeedegungsindustrie an eng glaubwierdeg Ofschreckung. De Laurent Zeimet huet an deem Kontext op d’Ofhängegkeet vun den USA higewisen.
Wann Europa méi Verantwortung fir seng Sécherheet wëll iwwerhuelen, misst Europas och déi néideg Kapazitéiten opbauen.
Skepsis bei enger Iwwergewënnsteier
Eng Iwwergewënnsteier fir Pëtrolskonzerner gesäit de Laurent Zeimet skeptesch. Et géif och Argumenter géint esou eng Steier ginn, well se kontraproduktiv kéint sinn.
Bei den Energie- a Bensinspräisser misst gekuckt ginn, ob déi bestoend Mesure verlängert oder méi cibléiert Hëllefen agesat ginn. Doriwwer misst ënner anerem an der Tripartite diskutéiert ginn.
Fir de Laurent Zeimet däerf dobäi awer de Grond fir déi héich Präisser net aus dem Bléck geroden.
Suerg wéinst der AfD
De staarken Zoulaf fir d’AfD an Däitschland mécht dem Fraktiounspresident vun der CSV Suergen. Besonnesch problematesch wier, datt d’Partei net méi just an den östleche Bundeslänner staark ass.
De Laurent Zeimet huet an deem Kontext och d’Roll vun der CDU ervirgehuewen. Déi däitsch Chrëschtdemokraten hätten nom Zweete Weltkrich eng wichteg Roll fir d’Stabilitéit vun Däitschland an Europa gespillt.
Eng Schwächung vun där politescher Kraaft wier dowéinst och fir Lëtzebuerg an Europa relevant, esou de CSV-Fraktiounspresident.
„Koalitioune bilde sech no de Walen“
Op d’Fro no enger méiglecher Zesummenaarbecht mat der ADR huet de Laurent Zeimet sech net geäntwert.
„Koalitioune bilde sech no de Walen“, sot hien. Entscheedend wier, ob Parteien inhaltlech zesumme passen.
Mat Bléck op déi aktuell Aussepolitik vun der ADR war hie däitlech: No den Aussoe vum ADR-Deputéierte Fred Keup an der Emissioun gesäit de Laurent Zeimet do „keng Iwwerschneidunge mat der CSV“.
Migratioun: Suerge vun de Leit eescht huelen
Beim Opstig vu rietse Parteien an Europa gesäit de Laurent Zeimet och e Lien mat der Migratiounspolitik.
D’Migratiounsfro wier a verschiddene Länner ze laang ignoréiert oder „schéi geriet“ ginn. Europa misst seng Grenzen am Grëff hunn an op konkret Problemer reagéieren.
Wann d’Politik d’Suergen an der Bevëlkerung net eescht hëlt, géif dat de Parteien um rietse Bord zousätzlech Zoulaf ginn, esou de Laurent Zeimet.
Méi Verantwortung fir sozial Netzwierker
Bei engem Social-Media-Verbuet fir Jonker ass de Laurent Zeimet zeréckhalend. E generellt Verbuet wier fir hien net déi éischt Äntwert.
Méi wichteg wier e sécheren Zougang zu de sozialen Netzwierker. Dat gëllt fir Jonker, mee och fir Erwuessener. Besonnesch den Afloss vun Algorithmen an auslänneschen Acteure misst méi staark thematiséiert ginn.
Och d’Plattformbedreiwer misst ee méi an d’Verantwortung huelen. Genee wéi Zeitungen a Radioe kéinten och sozial Netzwierker sech net komplett aus hirer Verantwortung fir Verbreeden vun Inhalter eraushalen, sot de Fraktiounspresident vun der CSV Laurent Zeimet.
Den RTL-Background am Replay:
https://www.rtl.lu/news/national/ddeputeiert-aus-der-aussepolitescher-c…