Wéi steet et ëm d’Sproochecoursë fir Demandeurs de protection internationale?

Här President, 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

De 26. September gouf am Luxemburger Wort e Lieserbréif vu Vertrieder aus der Zivilgesellschaft publizéiert, an deem op d’Wichtegkeet, awer och op d'Schwieregkeeten an d'Responsabilitéite beim Léiere vu Sprooche fir Demandeurs de protection internationale (DPI) higewise gouf.

Am Regierungsprogramm steet dozou ënner anerem op der Säit 187:

« Renforcement des mesures d’inclusion sociale: Le Gouvernement organisera des cours de langues et de vivre-ensemble pour tous les DPI. Ces cours seront obligatoires. »

D’Léiere vun de Landessproochen ass en entscheedende Facteur fir d’Integratioun an d’Zesummeliewen. Allerdéngs weisen Acteuren aus dem Terrain drop hin, datt déi schwiereg Konditiounen an de Foyeren (Mangel u Rou a Réckzuchsraim) souwéi d’Onsécherheet an d’Dauer vun der Prozedur en effektive Léierprozess däitlech erschwéieren.

Virun dësem Hannergrond géif ech gäre follgend Froen un den Här Minister stellen:

1.     Wéi eng Acteure bidden de Moment Sproochecourse fir DPI un, a wéi enge Strukturen oder Uertschafte fannen dës statt a wéi vill Persoune sinn ageschriwwen oder op Waardelëschten? 

2.     Wéi ass de Stand vun de Virbereedungen ugesicht vun den am Regierungsprogramm ugekënnegten obligatoresche Coursen a Sproochen an am Zesummeliewen, a wéi eng Zäitschinne souwéi Moyene si virgesi fir dëst ëmzesetzen?

3.     Wéi eng Moossname ginn ergraff, fir trotz de raimlechen Aschränkungen an de Zentren gëeegent Léierëmfelder (wéi Léierzëmmeren oder Internetzougang) fir d'DPI ze schafen?

4.     A wéi engem Mooss stëmmt sech de Familljeministère bei der Konzeptioun an der Ausbreedung vun dëser Offer mam Educatiounsministère (virun allem dem Service de la formation des adultes) of?

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles,
Deputéierten