Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel weiderzeleeden.
Dei humanitär Situatioun an der Stad Oleshky, am vun der Russescher Federation besaten Deel vun der Regioun Kherson, huet sech an de leschten Méint däitlech verschlechtert. Laut der UN Human Rights Monitoring Mission in Ukraine sinn d’Zivilisten zu Oleshky an an den Ëmgéigende mat engem akute Mangel u Liewensmëttel a medezinescher Versuergung konfrontéiert. Droneattacken, Minnen an déi lafend Kampfhandlungen erschwéieren dobäi souwuel den Zougang zu humanitärer Hëllef wéi och d’Evakuation vun der Zivilbevëlkerung.
Den ukraineschen Autoritéiten no kéinten an de besaten Gebidder vun der Region Kherson, dorënner Oleshky, nach bis zu 6.000 Zivilisten, dorënner méi wéi 180 Kanner, an de Gemengen no bei der Frontlinn verbleiwen.
Dës Situation gouf och den 1. Oktober 2026 am permanente Rot vun der OSZE thematiséiert. An enger Erklärung huet d’Europäesch Union hir grouss Suerg iwwert déi humanitär Situation zu Oleshky ausgedréckt a Russland dozou opgeruff, seng Obligatiounen ënnert dem internationale humanitäre Recht an de Mënschenrechter ze respektéieren, d’Zivilbevëlkerung ze schützen an e sécheren an onbehënnerten humanitären Zougang souwéi d’Versuergung mat Liewensmëttel a medezinescher Hëllef ze garantéieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Minister fir auswäerteg Ugeleeënheeten an Aussenhandel stellen:
- Wéi bewäert d’Regierung déi aktuell humanitär Situatioun zu Oleshky? Huet si Kenntnis vu konkrete Beméiungen, fir Zivilisten aus Oleshky an den Ëmgéigenden ze evakuéieren?
- Steet d’Regierung an dësem Kontext am Austausch mat den ukraineschen Autoritéiten, dem Internationale Comité vum Roude Kräiz, de Vereenten Natiounen oder aneren internationale Partner? Wa jo, wéi eng konkret Schrëtt goufen an dësem Zesummenhang bis elo ënnerholl?
- Wéi bewäert d’Regierung d’Méiglechkeet, datt Lëtzebuerg sech, bilateral oder zesumme mat sengen europäeschen an internationale Partner, fir e sécheren an onbëhennerten humanitären Zougang zu Oleshky an eng sécher Evakuatioun vun der betraffener Zivilbevëlkerung asetzt?
- Am Hibléck op d’Erklärung vun der Europäescher Union vum 1. Oktober am permanente Rot vun der OSZE, wéi eng weider diplomatesch Initiativen op europäeschem oder internationalem Niveau kéint d’Regierung ënnerstëtzen, fir déi humanitär Situatioun zu Oleshky konkret ze verbesseren?
Här President, bieden ech Iech, main déifste Respekt unzehuelen.