Wéi ënnerstëtzt Lëtzebuerg d'Affer vun den Äerdbiewen a Venezuela?

Laurent MOSAR

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Monsieur Ausseminister weider ze leeden.

Laut de rezentste Medieninformatiounen ass Venezuela de 24. Juni 2026 vun zwee schwéieren Äerdbiewe mat Magnituden vu 7,2 respektiv 7,5 getraff ginn. D'Katastroph huet zu ville Doudegen, Honnerte Verletzten, groussen Zerstéierungen un der Infrastruktur an enger Noutsituatioun fir d'Bevëlkerung geféiert. D'Rettungsaarbechte lafen nach ëmmer, an déi humanitär Besoinen si grouss.

An deem Kontext géif ech der Regierung follgend Froe stellen:

  1. Wéi bewäert d'Regierung déi aktuell humanitär Situatioun a Venezuela?
  2. Ass Lëtzebuerg bereet, eng humanitär Hëllef fir d'Affer vum Äerdbiewen ze mobiliséieren? Wa jo, a wéi enger Form (finanziell Bäihëllef, Material, Asaz iwwer international Organisatiounen oder EU-Katastrophemechanismen)?
  3. Ass d'Regierung a Kontakt mat den internationalen Organisatiounen, fir de konkrete Besoin un Hëllef z'evaluéieren?
  4. Ass virgesinn, iwwer d'EU oder aner multilaterale Partner un enger koordinéierter humanitärer Hëllefsaktioun deelzehuelen?
  5. Ass d'Regierung bereet, sech dofir anzesetzen, datt déi humanitär Hëllef onofhängeg vun der politescher Situatioun am Land séier an effizient bei der betraffener Bevëlkerung ukënnt?
  6. Gesäit d'Regierung eng Méiglechkeet, zousätzlech Mëttel fir d'Nouthëllef iwwer Lëtzebuerg seng Entwécklungs- an humanitär Kooperatioun bereetzestellen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

                                   

Laurent Mosar
Député