Blanche Weber, eng vun de bekanntsten a markantste Stëmmen aus der Lëtzebuerger Ëmweltbewegung, war haut eise Gaascht bei „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“.
Als laangjäreg Presidentin vum Mouvement Ecologique engagéiert Blanche Weber sech fir Natur-, Klima- a Biodiversitéitsschutz. An der ëffentlecher Debatt vertrëtt si der Ëmweltbeweegung hir Positiounen a scheit sech net, politesch Entscheedunge kritesch ze hannerfroen.
Mir soen der Presidentin vum Mouvement Ecologique e grousse Merci fir den interessanten, oppenen an animéierten Austausch mat eisen Deputéierten.
- Wat ass den „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“ ?
D’Iddi hannendrun ass Deputéiert mat Perséinlechkeeten aus der Gesellschaft zesummenzebréngen. An engem oppenen a perséinleche Kader. Fir déi Froen ze stellen déi am politeschen Alldag dacks ze kuerz kommen, an iwwert déi reng Politik erausginn.