Méi Ënnerstëtzung fir d’Keefer. Méi Schwong fir de Neibau. Méi erschwéngleche Wunnraum.
D’Regierung huet en neie Mesurëpak virgestallt, deen dem Wunnengsbau zu Lëtzebuerg eng nei Dynamik soll ginn.
Mat dëse Mesure wëll d’Regierung:
- méi Leit den Zougang zu engem Eegenheem erméiglechen,
- de Wunnengsbau erëm dynamiséieren,
- privat Investitiounen aktivéieren,
- d’Offer u bezuelbare Wunnengen däitlech erhéijen,
- an de Wunnengsmaart no de schwierege Joren nees an d’Beweegung bréngen.
De Booster fir de Wunnengsbau bedeit:
Méi een héijen „Bëllegen Akt“ fir den Eegenheemkeefer
- Elo 45.000 Euro pro Persoun
- +50 % am Verglach zu 2023
- Keen Enregistrement bis zu engem Kafpräis vu 643.000 Euro
- Knapp 1,3 Milliounen Euro an der Koppel
Manner Enregistrement beim Kaf vu Wunnengen um Plang
- 0 % Enregistrement op der Konstruktioun bis zu engem Baufortschrëtt vun 80 %.
- Enregistrement just nach um Terrain
- An et gëllt de „Bëllegen Akt“ vu 45.000 Euro
- Jee no Fall deemno keen Enregistrement méi fir den Eegenheem-Keefer
Neien Amortissement accéléré fir 2027 – no der 3x6-Reegel
- 6 % iwwer 6 Joer
- Mat engem Plafong vu 600.000 Euro pro Wunneng
- Fir 2026 Choix tëscht dem neien oder ale Regimm
Prime d’accession och fir jonk Keefer bis 35 Joer vu bezuelbare Wunnengen
- Jonk Keefer vu bezuelbarem oder moderéiertem Wunnraum kënnen elo och vun der Prime d’accession an der Prime d’épargne profitéieren.
Méi Zënssubventioun op engem Immobilierekredit
Fir jonk Éischtkeefer:
- De maximale Prêt fir d’Berechnung vun der Zënssubventioun geet vu 200.000 € op 300.000 € erhéicht.
Fir all Stéit:
- De maximale subventionéierbare Prêt geet vu 200.000 € op 250.000 € erhéicht.
- De Montant Pro Kand vun 20.000 € op 30.000 € erop.
Nei TVA vun 8 % fir Investisseuren, déi sozial Locatiounswunnengen kaafen
- Fir Appartementer bis 120 m²,
- Kafpräis däerf de regionale Medianpräis net iwwerschreiden,
- Loyer muss op 4 % vum investéierte Kapital limitéiert,
- Engagement fir op d’mannst 10 Joer un zertifizéiert Locatairen ze verlounen.
Neien Housing Bond – een neie Bierger-Emprunt
- Eng Staatsobligatioun vun 250 Milliounen Euro
- Fir Privatkapital ze mobiliséieren
- Ouni Quellesteier fir d’Leit op den Zënsen
Staatleche Kaf vu weidere Wunnengen um Plang (VEFA)
- Zousätzlech 300 Milliounen Euro
- Fir méi erschwéngleche Wunnraum
- De Staat kann elo och Deeler vu Projeten iwwerhuelen
- D’Critèrë fir de Kaf vu Bauterrain ginn un d’Realitéit vum Marché ugepasst.