Mam Patrick Dury, President vum LCGB, ass dësen Dënschdeg den Optakt vun engem neie Gespréichsformat an der CSV-Fraktioun gemaach ginn: „CSV am Dialog – den Invité vun der Fraktioun“
D’Iddi hannendrun ass Deputéiert mat Perséinlechkeeten aus der Gesellschaft zesummenzebréngen. An engem oppenen a perséinleche Kader. Fir déi Froen ze stellen déi am politeschen Alldag dacks ze kuerz kommen, an iwwert déi reng Politik erausginn.