Konsumente besser an objektiv informéieren, besonnesch iwwert d’Haltbarkeet, d’Méiglechkeet een Artikel ze reparéieren, d’Garantie an den ekologeschen Impakt vu Produiten, dat ass d’Zil vun enger europäescher Direktiv, déi d’Chamber an nationaalt Recht ëmgesat huet. Gläichzäiteg soll méi konsequent géint Greenwashing virgaange ginn: Begrëffer wéi „gréng“, „ëmweltfrëndlech“ oder „nohalteg“ dierfen an Zukunft net méi einfach als Marketinginstrument benotzt ginn, mee musse kloer, noweisbar a kontrolléierbar sinn.
Fir d’CSV, esou d’Rapportrice Stéphanie Weydert, ass dëse Projet e pragmatesche Schrëtt fir méi Transparenz, Fairness a Vertrauen. Net nëmme Konsumente gi geschützt, mee och déi seriö Entreprisen, déi wierklech Efforte maachen, fir nohalteg ze produzéieren, huet d’Konsumenteschutzministerin Martine Hansen ënnerstrach.