Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.
Den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand, warnt viru schwéiere Konsequenzen nodeems um Niveau vum Europa Parlament decidéiert gouf, déi temporär Ausnam bei der E-Privacy-Direktiv net ze verlängeren.
Zanter 2021 hat dës Iwwergangsreegelung et grousse Plattformbedreiwer erlaabt, privat Kommunikatioun fräiwëlleg op Inhalter am Zesummenhang mat sexuellem Kannermëssbrauch ze kontrolléieren a verdächteg Inhalter un déi zoustänneg Autoritéiten ze mellen. Laut dem Ombudsman wieren bis elo ronn 99 Prozent vun de Meldungen an Europa duerch esou fräiwëlleg Kontrollmechanismen zustane komm. Mam Enn vun dëser Derogatioun gëtt d’Identifikatioun an d’Verfollgung vu Kannermëssbrauch am Netz elo däitlech méi schwéier. Den Ombudsman fäert, datt dat virun allem kriminelle Reseauen an d’Kaarte spillt an d’penal Poursuitte staark erschwéiert.
Hannergrond vun der politescher Blockaden ass virun allem d’Diskussioun ëm de Schutz vun der Privatsphär: verschidde politesch Fraktiounen op europäeschem Niveau gesinn esou Kontrollmechanismen als en ze staarken Agrëff an d’Fräiheetsrechter vun de Bierger. Bis eng nei europäesch Direktiv a Kraaft trëtt, entsteet domat e juristesche “Vide”.
An deem Zesummenhang well ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen :
Wéi bewäert d’Justizministesch d’Konsequenze vum Enn vun der europäescher Derogatioun fir d’Verfollgung vu Kannermëssbrauch am Netz zu Lëtzebuerg?
Ass Lëtzebuerg bereet, sech op europäeschem Niveau fir eng séier nei Rechtsgrondlag anzesetzen?
Gëtt et aktuell national Mechanismen oder gesetzlech Méiglechkeeten, déi et Plattformbedreiwer erlaben, och ouni europäesch Derogatioun aktiv géint esou Inhalter virzegoen?
Wéi vill Meldungen am Zesummenhang mat sexuellem Kannermëssbrauch am Internet goufen an de leschte Joren zu Lëtzebuerg registréiert, a wéi vill dovunner stamen aus fräiwëllege Kontrollen duerch Plattformen?
Wéi eng Mesuren plangt d’Regierung, fir e méigleche “Vide juridique” ze iwwerbrécken, bis en neie Kader um europäesche Niveau a Kraaft trëtt?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt
Deputéiert