Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden.
Zënter dem 1. Juli 2026 gëllt an der Europäescher Unioun eng nei pauschal Douanestax vun 3 Euro pro Pak fir Importer aus Drëttstaaten ënnert engem Wäert vun 150 Euro. Zënter dem 1. November 2026 komme weider vun der EU virgeschriwwe Beaarbechtungsfraise vun 2 Euro pro Pak dobäi. Dës Mesure sollen dozou déngen, déi zousätzlech Käschte vun den Douaneverwaltungen am Zesummenhang mat der staark geklommener Zuel u klenge Päck aus Drëttstaaten ze decken.
Déi nei Reegelen hunn och zum Zil, d’Douaneverwaltungen ze entlaaschten, d’Kontroll vun den importéierte Wueren ze verbesseren an de staarke Wuesstem vu klengen aus dem E-Commerce stamend Sendungen aus Drëttstaaten besser ze geréieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Finanzminister stellen:
- Wéi eng administrativ, personell an informatesch Upassunge waren bei der Administration des douanes et accises néideg, fir déi nei Reegelungen ëmzesetzen? Wéi héich waren déi domat verbonne bis elo entstane Käschten?
- A wéi engem Mooss erwaart sech d’Regierung, datt déi nei Reegelungen d’Aarbecht vun der Douane konkret vereinfachen oder méi effizient maachen?
- Rechent d’Regierung domat, datt déi nei Douanestax an d’Beaarbechtungsfrais dozou féieren, datt an Zukunft manner kleng Päck aus Drëttstaaten op Lëtzebuerg geschéckt ginn? Leien dozou Schätzungen oder Projektioune vir?
- Wéi vill E-Commerce-Sendungen aus Drëttstaaten, déi ënnert déi nei Reegelunge falen, goufen an de leschte Joren zu Lëtzebuerg enregistréiert? Wéi huet sech dës Zuel entwéckelt?
- Päck, déi fir Lëtzebuerg bestëmmt sinn, kënnen iwwer ganz ënnerschiddlech Transport- a Logistikweeër an d’Europäesch Unioun erakommen. Wéi gëtt séchergestallt, datt all Sendung, déi fir Lëtzebuerg bestëmmt ass, vun den zoustännegen Autoritéiten erfaasst gëtt an déi entspriechend Taxen a Fraisen och effektiv erhuewe ginn?
- Wéi funktionéiert an dësem Kontext den Informatiounsaustausch tëscht der Lëtzebuerger Douane, den Douaneverwaltunge vun den anere Memberstaaten, de Post- a Courriersdéngschter souwéi den Online-Plattformen?
- Wéi héich schätzt d’Regierung déi jäerlech Recetten, déi zu Lëtzebuerg duerch déi nei 3-Euro-Douanestax an duerch déi nei Beaarbechtungsfrais generéiert ginn?
- Wëssend, datt Douanerechter zu den traditionelle Eegeressourcë vum EU-Budget gehéieren, wéi eng Partie vun dëse Recettë gëtt viraussiichtlech un den EU-Budget weidergeleet a wéi eng Partie bleift zu Lëtzebuerg respektiv steet der Lëtzebuerger Douane zur Deckung vun hire Käschten zur Verfügung?
- Kann den Här Minister präziséieren, ob déi erwaarte Recetten aus der neier Beaarbechtungsfrais déi zousätzlech administrativ, personell an informatesch Käschte vun der Lëtzebuerger Douane viraussiichtlech komplett ofdecken?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.