Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Laut Medieninformatioune gouf den Tunnel Grouft op der A7 tëscht Waldhaff a Luerenzweiler wéinst enger staarker Dampentwécklung kuerzfristeg fir de Verkéier gespaart. Dësen Tëschefall huet wärend dem Beruffstrafic zu engem bedeitende Stau a Richtung Norden geféiert. De Virfall werft Froen no der Ursaach vun der Dampentwécklung op, grad ewéi iwwer den Zoustand an d'Zouverlässegkeet vun den techneschen Installatioune vum Tunnel. Dat besonnesch am Kontext vun de lafenden Aarbechten an dem ugekënnegte Réckgang zum normale Betrib am August 2026.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an an ëffentlech Aarbechten stellen:
Kann d'Madamm Ministesch d'Ursaachen an d’Grënn vun der Dampentwécklung am Tunnel Grouft präziséieren?
Stoung dësen Incident am Zesummenhang mat de lafenden Aarbechten un de Ventilatoren oder mat engem Defekt un enger technescher Installatioun?
Goufen duerch dësen Incident Mängel un der Belëftungs- oder Sécherheetsinfrastruktur festgestallt, déi bis elo net bekannt waren? Wa jo, wéi eng Konsequenzen huet dat fir de weidere Chantier vum Tunnel?
An hirer Äntwert op d'Question parlementaire n°3825 huet d'Madamm Ministesch erkläert, datt “ënner Virbehalt vun der fristgerechter Liwwerung vun den néidege Komponente sinn d'Aarbechte fir Juli 2026 virgesinn. Den normale Betrib vum Tunnel Grouft gëtt deemno fir August 2026 erwaart”. Kann d’Madamm Ministesch dës Erwaardung weiderhi confirméieren?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.