Fraktioun

Presentatioun

Presentatioun vun der CSV-Fraktioun.

CSV-Fraktioun ass déi gréisst politesch Fraktioun um Krautmaart. Si zielt momentan 24 Memberen dorënner den Chamberpresident.

Fraktiounen déi an der Chamber vertruede sinn sin d’Haaptacteuren an der parlementarescher Aarbecht. Sou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, genéissen Fraktiounen verschidden Privileger a Kompetenzen, déi deen eenzelnen Deputéierten net besetzt.

DSC00602__Medium_.JPG

Auszuch aus dem Chamberreglement iwwert Fraktiounen an politesch Sensibilitéiten

Fraktiounen

Art.13.- (1) Les députés peuvent se constituer en groupes politiques. (2) Pour être reconnu, un groupe politique doit comprendre au moins cinq membres. (3) Les groupes politiques remettent à la présidence la liste de leurs membres et indiquent le nom du président. (4) Chaque député ne peut faire partie que d'un seul groupe politique. (5) Les députés qui n'appartiennent à aucun groupe politique peuvent s'apparenter à un groupe de leur choix avec l'agrément de ce groupe. Ils comptent pour le calcul des sièges accordés aux groupes dans les commissions. (6) Les modifications apportées à la composition d'un groupe politique sont portées à la connaissance du Président de la Chambre sous la signature du président du groupe.

Politesch Sensibilitéiten

Art.14.- Les députés qui ne font pas partie d'un groupe politique et ceux qui ne sont pas apparentés à un groupe politique peuvent former un groupe technique, dans les conditions de l'article 13, paragraphe (2). Ils désignent un coordinateur qui sera leur porte-parole pour toutes les questions administratives et qui les représentera dans la Conférence des Présidents. Les coordinateurs des groupes techniques ont le même statut que les présidents des groupes politiques.

Gebeilechkeeten an Subsider

Art.15.- Pour assurer le fonctionnement des groupes politiques et techniques, le Bureau de la Chambre met à leur disposition les locaux et les installations nécessaires, ainsi que des crédits calculés sur la base de leur représentation proportionnelle à la Chambre. Sur présentation des factures et autres pièces justificatives, les groupes politiques et techniques pourront se faire rembourser en outre, jusqu'à un montant à déterminer par le Bureau de la Chambre, des frais relatifs à l'engagement de personnel.

Am Moment ginn et 4 Fraktiounen an 2 politesch Sensibilitéiten an der Chamber. Hir jeeweileg Presidenten bilden zesummen mam Chamberpresident déi sougenannten Presidentekonferenz. Dese Gremium setzt Dagesuerdnung vun der Chamber fest an aviséiert an hirer Funktioun als parlamentarescht Organ, verschidden groussherzoglech Reglementer. Douzou gehéieren och europäesch Direktiven déi an nationalt Recht emgesat mussen ginn.

D’Fraktiounen an déi politesch Sensibilitéiten bestemmen hir jeweileg Kandidaten vir an de Chamberbureau. Ausserdem nominéieren se d’Memberen vun de parlamentareschen Kommissiounen. Schlussendlech hunn d’Fraktiounen wéi och déi politesch Sensibilitéiten Urecht op finanziell Zoulagen, an Krediter vir déi ufalend Funktiounskäschten wéi zum Beispill Mataarbechteronkäschten oofzedecken.

 CSV-Fraktioun ass déi parlamentaresch Vertriedung vun der Chrëschtlech Sozialer Vollekspartei. Si gehéiert, zesummen mat der LSAP-Fraktioun, der parlementarescher Majoritéit un, well dess 2 Parteien Regierungskoalitioun bilden. Zesummen kommen déi 2 Fraktiounen op 38 vun 60 Sëtz an der Chamber an sinn um legislativen Plang responsabel vir d’Ëmsetzen vum Regierungsprogramm vum 4. August 2004.

DSC00595__Medium_.JPG

Nieft der viller legislativer Aarbecht déi an der CSV-Fraktioun geleescht gëtt, sinn eis Memberen och Auteuren vun villen Gesetzespropositiounen souwéi parlamentareschen Ufroen zu den verschiddensten Themen. Ausserdem hun d’CSV-Deputéiert verschidden Aktualitéitsstonnen, Interpellatiounen an Orientéierungsdebatten ugefrot. Och goufen eng ganz Reih Motiounen an Resolutiounen vun der CSV-Fraktioun an der Chamber hannerluecht.

Büro vun der CSV-Fraktioun

De Büro vun der CSV-Fraktioun ass déi responsabel Instanz an allen administrative Froen vun der Fraktioun. Hien décidéiert ausserdem déi extern Communicatiounsstrategie vun der Fraktioun an tranchéiert, wann néideg, an internen Ugeleenheeten. Hie kann och politesche Themen virbereeden, déi dann zu engem spéideren Zäitpunkt an der Fraktiounsversammlung débattéiert gin.

De Bureau setzt sech aus 9 Memberen mat gläichem Stëmmrecht zesummen an gett geleet vum President vun der Fraktioun. Ennert de 9 Memberen befënnt sech och den Fraktiounssekretär. De Fraktiounssekretär, deen kee stemmrecht huet, hëllt un de Bürossetzungen deel, an daat mat berodender Stemm (voix consultative).

Parlamentaresch Kommissiounen

Déi parlamentareschen Kommissiounen sin an 3 verschidden Kategorien opgedeelt: Et gin reglementaresch Kommissiounen, permanent Kommissiounen an spezial Kommissiounen. Wann Chamber hiren droit d’enquête ausübt an Beräicher wou si der Meenung ass, dass de Gesetzgeber eng Ennersichung muss maachen, dann gett eng Enquête-Comissioun geschaffen déi riichterlich Gewalt besetzt : well si huet nämlech déi selwecht Pouvoir’en, wéi een Ennersichungsriichter.

Et gin 4 reglementaresch Kommissiounen

(1) D’Commission du Règlement befasst sech mam Chambersreglement an discutéiert Ännerungsvirschléi iert se an der Chamber zum Vote gestallt gin.
(2) D’Commission des comptes befaasst sech mat der Opstellung an dem Kontroll vun den internen Compten vun der Chamber.
(3) D’Commission du Contrôle parlementaire du Service de Renseignement de l'Etat kontrolléiert an suivéiert d’Aktivitéiten vum Letzeburger Geheimdingscht.
(4) D’Commission des Pétitions examinéiert déi verschidden Pétitiounen déi Bierger an der Chamber iwwergin. Jiddfer Bierger huet durech Verfassung d’Recht eng Pétitioun un Chamber ze adresséieren.

Déi permanent Kommissiounen sin daat parlamentarescht Spigelbild vun den eenzelnen Départementer an de Ministärien. Et gett eng Kommissioun pro Département. Dess Kommissiounen hun als Aufgab all Gesetzestexter an Virschléi déi an hire Ressort faalen ze ennersichen ier se an der Chamber zum Vote gestallt gin. Si änneren, wann néideg, déi initial Gesetzestexter, an nennen ennert de Memberen vun der jeweiliger Kommissioun een Rapporter, deen, an der öffentlecher Sitzung vun der Chamber den Rapport iwwert de Gesetzesprojet mecht. Duerno kennt et zum Vote vun de Projeten oder Gesetzespropositiounen. Dess Kommissiounen préparéieren och paralmentaresch Debatten, mat oder ouni schreftlechen Rapport, a kennnen Motiounen an Resolutiounen analyséieren ier an der Chamber doriuwer débattéiert gett.

fraktioun.JPG

Spezialkommissiounen gin agesaat wann spezifesch Debatten virbereet mussen gin, deenen hire Sujet net a priori vun engem ministeriellem Département oofhänkt. Si kennen och als Missioun hun während enger Sessioun, oder enger ganzer Legislaturperiod spezifesch Dossieren ze suivéieren an ze verdéiwen. Iwwert desen Dossier gett dann eng an der Chamber débattéiert Am Moment fonctionnéiert eng Spezialkommissioun an Saachen « réorganisation territoriale du Luxembourg » déi sech em eng Néiuerdnung vum Land beméit.
Parlamentaresch Beroder

Parlamentaresch Beroder

Am Géigensaatz zu villen aneren, méi groussen Länner ass et bei eis seelen, dass een eenzelnen Deputéierten ee perséinlechen Mataarbechter engagéiert.

CSV Fraktioun verfügt iwwer een «Pool de collaborateurs» wou Mataarbechter vir de Suivi vun der parlamentarescher Aarbecht responsabel sinn. De Pool besteet aus «Conseillers Parlementaires» a gëtt vun engem Fraktiounssekretär geleet. Si all ginn an hirer Aarbecht vun engem administrativen Sekretariat ennerstetzt.

D’Mataarbechter aus dem Pool schaffen zesummen mat den Deputéierten un den politeschen Dossieren an begleeden si an hirer alldeeglecher Aarbecht an der Chamber. Ausserdem stinn si am Kader vun der legislativer Aarbecht an enkem Kontakt mat de staatlechen Ministärien.

Agenda                        RSS

07.09 :CSJ Kanton Réimech: Visite an d'Europaparlament op Stroossbuerg
12.09 :Gromperefest CSV Hesper
12.09 :Hunnefest vun der CSV Sektioun Kéinzig-Féngig
14.09 :Ausfluch Pays de Montmédy
18.09 :CSV Péiteng: Visite vum KZ- Lager zu Natzweiler
All d'Evenementer uweisen