Wat sinn d’Rechter vun de Konsumenten am Domaine Thermal zu Mondorf am Fall vun der geplangter Fermeture vun de Wellness- a Fitnessaktivitéiten a wat geschitt mat den Abonnementer a Forfaiten?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verbraucherschutzministesch weiderzeleeden.
Den Domaine Thermal zu Mondorf huet ugekënnegt, datt seng Wellness- a Fitnessaktivitéite wéinst Renovéierungsaarbechte vun 2028 un ënnerbrach ginn. D’Fermeture soll viraussiichtlech 18 Méint daueren. An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gär follgend Froe stellen:


• Wéi eng Rechter hunn d’Konsumenten am Allgemengen, wann e Prestataire eng bezuelte Leeschtung wéinst Renovéierungsaarbechte fir eng méi laang Zäit net méi ubitt?
• Wat geschitt an esou engem Fall mat den Abonnementer a Forfaiten, déi um Dag vun der Fermeture nach gülteg sinn?
• Ënner wéi enge Konditioune kënnen déi betraffe Konsumenten hirt Abonnement virzäiteg an ouni Käschte kënnegen oder e vollstännege respektiv deelweise Remboursement vun de scho bezuelte Montante fir Leeschtunge froen, déi si wéinst der Fermeture net notze kënnen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt
Deputéiert