1.Kann den Här Minister confirméieren, datt fir d’Rentrée 2026/2027 d’Aarbechtszäit vu Personal àtemps partiel am Enseignement fondamental nei organiséiert gëtt?
Ech kann déi Informatioun, déi den honorabelen Deputéierten uféiert, net confirméieren. All Joer gëttam Fréijoer am Kader vun der Virbereedung vun der kommender Rentrée d’Circulaire de printempsspezifesch un d’Gemengenautoritéiten a generell u sämtlech Membere vun der Schoulcommunautéitgeriicht, fir se an der Elaboratioun vun der Schoulorganisatioun ze guidéieren an ze ënnerstëtzen. Andëser Circulaire ginn, falls néideg, déi nei Dispositiounen am Zesummenhang mat derSchoulorganisatioun presentéiert. Déi concernéiert Circulaire gesäit keng nei Virgab betreffendd’Organisatioun vun der Aarbechtszäit vun den Agenten, déi Deelzäit schaffen, vir.
2.Wéi bewäert den Här Minister aus pedagogescher Siicht eng Organisatioun, bei där zwouPersounen, déi sech eng 50%-Tâche deelen, sech am Laf vum selwechten Dag an enger Precoce-Klass ofléisen? Wéi een Impakt huet en zousätzlechen Wiesselen am Laf vum Dag sech opd’Wuelbefanne vun de Kanner, op d’Gruppedynamik an op d’Kontinuitéit vun der pädagogescherAarbecht am Précoce auswierken?
Eng konkreet Bewäertung vun esou enger Situatioun hänkt vu ville verschiddene Facteuren of, an assënnert dëser Form net méiglech. Allgemeng gesinn, kann ee soen, datt previsibel a zouverlässegBezéiunge mat Betreiungspersounen e wichtege Qualitéitsfacteur sinn. Kontinuitéit erliichtertdeemno d’Bindung, d’Gruppendynamik an déi pedagogesch Kohärenz. Heefeg oder onglécklechorganiséiert Wiessele kënnen dogéint bei verschiddene Kanner Stress oder Desorientéierungausléisen. Dat bedeit awer net, datt all Wiessel per se problematesch ass. De Moment vum Wiesselmuss wuel gewielt sinn a sech harmonesch an den Dages- respektiv Wochenoflaf aglidderen.
3.Wéi vill Spillraum behalen d’Schoulen an d’pedagogesch Ekippen, fir eng Organisatioun ze wielen,déi de konkrete Besoine vun de Kanner an der Klass Rechnung dréit?
Den Artikel 16 vum Règlement grand-ducal du 23 mars 2009 fixant la tâche des instituteurs del'enseignement fondamental gesäit explizitt vir, datt déi pedagogesch Equipe ënnert derCoordinatioun vum Coordinateur de cycle d’Interventioune vun den eenzelnen Enseignanten an dejeeweilege Klassen esou opdeelen, datt d’Verdeelung de Besoine vun de Kanner am beschte gerechtgëtt.
Lëtzebuerg, de 27. Mee 2026
De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend (s.) Claude MEISCH N°4005
Entrée le 27.05.2026
Chambre des Députés
Réponse disponible
Réponse à la question
Réponse reçue le:
27 mai 2026