Wéi kënnen onerwaart Steiernofuerderunge beim REVIS verhënnert ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Am Joresrapport 2025 huet den Ombudsman op der Säit 43 ënnert dem Titel «Problématique récurrente : Imposition du REVIS » nach eng Kéier op d'Problematik vun der Besteierung vum REVIS opmierksam gemaach. Dobäi hält den Ombudsman fest:

« Les bénéficiaires du REVIS ne sont pas toujours informés du caractère imposable de cette aide. Ils en prennent souvent connaissance uniquement lorsqu’ils perçoivent un complément REVIS en combinaison avec un autre revenu. Dans plusieurs dossiers, des personnes ont ainsi été imposées rétroactivement sur plusieurs années et se trouvent dans l’impossibilité de s’acquitter des arriérés. »

Den Ombudsman recommandéiert an dësem Zesummenhang eng méi transparent a verständlech Kommunikatioun vis-à-vis vun de betraffene Beneficiairen.

De REVIS setzt sech aus zwou méiglechen Allocatiounen zesummen: der «allocation d'inclusion» an der «allocation d'activation». Besonnesch bei Persounen, déi béid Allocatioune gläichzäiteg bezéien, kann d'Zesummerechnung vun dësen Akommes zu enger Steierlaascht féieren, déi fir déi Betraffen net ëmmer virauszegesinn ass. Well op dësen Akommes net onbedéngt genuch Steieren am Viraus zeréckbehale ginn, kënnen am Kader vun der Steierveranlagung héich Nofuerderungen entstoen.

Dës Situatioun stellt besonnesch fir finanziell vulnerabel Stéit eng Erausfuerderung duer. Eng fréi, verständlech an individuell Informatioun iwwer déi méiglech steierlech Konsequenze kéint dozou bäidroen, onerwaart Steiernofuerderungen ze vermeiden

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil an un den Här Finanzminister stellen:

  1. Wéi ginn d'Beneficiaire vum REVIS aktuell vum FNS respektiv vum ONIS iwwer déi méiglech steierlech Konsequenze vum gläichzäitege Bezuch vun enger «allocation d'inclusion» an enger «allocation d'activation» informéiert? Gëtt dës Informatioun systematesch a schrëftlech matgedeelt?

  1. Ass d'Regierung bereet, eng systematesch a verständlech schrëftlech Informatioun fir all REVIS-Beneficiaire virzegesinn, déi béid Allocatioune gläichzäiteg bezéien? Kéint dës Informatioun och eng indikativ Berechnung vun der méiglecher järlecher Steierlaascht enthalen, fir datt déi Betraffen hir finanziell Situatioun besser kënne plangen?

  2. Gesäit d'Regierung d'Méiglechkeet, datt de FNS an Zesummenuarbecht mat der Steierverwaltung déi betraffe Beneficiairen identifizéiert an hinne präventiv eng individuell Informatioun iwwer hir méiglech Steierlaascht zoukomme léisst?

  3. Ass d'Regierung bereet ze préiwen, ob beim Bezuch vun enger «allocation d'inclusion»  eng méi héich Steierretenue respektiv eng fräiwëlleg Upassung vun der Steiervirausbezuelung kéint virgesi ginn, fir héich Steiernofuerderungen um Enn vum Joer ze vermeiden?

  4. A wéi enge Sprooche ginn d'Kontrakter an d'Informatiounsdokumenter vum ONIS am Kader vun den Aktivéierungsmoossnamen zur Verfügung gestallt? Ass virgesinn, déi Dokumenter och an enger vereinfachter a méi verständlecher Sprooch unzebidden, fir sécherzestellen, datt d'Beneficiairen hir Rechter a Flichten, besonnesch déi steierlech Konsequenzen, verstinn?

  5. Wéi eng konkret Moossname plangt d'Regierung, fir der Recommandatioun vum Ombudsman aus sengem Joresrapport 2025 nozekommen an déi präventiv Informatioun vun de REVIS-Beneficiairen ze verbesseren?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nathalie Morgenthaler
Deputéiert