Wéi eng Mesurë goufen nom Besuch vun der Familljekommissioun am Fraendortoir zu Zolwer ëmgesat a wéi gedenkt d’Regierung d’Ënnerbréngung vu vulnerabele Persounen an den ONA-Strukturen nohalteg ze verbesseren?

Nathalie MORGENTHALER

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

Den 23. Februar 2026 hunn Deputéiert aus der “Commission de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble, de l'Accueil, de l'Égalité des genres et de la Diversité” verschidde Strukture vum ONA (Office national de l'accueil) besicht, dëst zu Miersch, Käerjeng an zu Zolwer. Bei dëser Visitt gouf ënner anerem d'Situatioun an engem grousse Schlofsall fir Fraen zu Zolwer thematiséiert, wou eng héich Zuel vu Bewunnerinnen op enkstem Raum ënnerbruecht wuar. Et gouf op de Manktem u Privatsphär a Plaz an den allgemengen Zoustand vun den Infrastrukturen higewisen.

Parallel dozou huet dee rezenten Audit vun der IGF iwwert den ONA op strukturell Problemer an der Gestioun vun den Accueil-Strukturen higewisen. Den Audit stellt ënner anerem fest, dass den ONA un der Limitt vu senge Kapazitéite funktionéiert, dass et u Reservekapazitéite feelt an dass d'Planifikatioun vun den Hebergementsstrukturen net ëmmer genuch virauskuckt.

An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:

  1. Wéi eng Renovatiouns-, Sanéierungs-, a Verbesserungsuarbechte sinn zënter der Visitt am Februar 2026 an der Struktur zu Zolwer, a besonnesch am Fraendortoir, duerchgefouert ginn?

  2. Wéi héich wuaren d'Käschte vun dësen Uarbechten a wéi eng konkret Verbesserunge goufen am Beräich vun der Hygiène, der Sécherheet, der Privatsphär an dem Wuelbefanne vun dëse Bewunnerinnen ëmgesat?

  3. Wéi vill vun de Fraen, déi zum Zäitpunkt vun der Visitt am Dortoir zu Zolwer ënnerbruecht wuaren, konnten zënterhier an eng aner Struktur oder an e méi ugepassten Ënnerdaach relogéiert ginn?

  4. Kann den Här Minister eng Opdeelung vun de Bewunnerinnen aus dem Dortoir no Alter, Nationalitéit, Statut an Dauer vum Openthalt virleeën?

  5. No wéi engem Zäitplang gedenkt d'Regierung d‘Recommandatioune vum Audit vun der IGF iwwert d’ONA-Strukturen ëmzesetzen?

  6. Wéi eng strukturell Mesurë wäert d'Regierung ergräifen, fir an Zukunft ze verhënneren, dass Fraen oder aner vulnerabel Persoune wärend längerer Zäit a groussen Dortoiren ënnerbruecht ginn?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

rt

Nathalie Morgenthaler
Députéiert