Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.
Am Kader vu vireschte parlamentaresche Froe goufen eng Rei Aspekter ronderëm d'Zoudeelung, d'Notzung an d'Iwwerdroung vun Immatrikulatiouns-nummeren zu Lëtzebuerg thematiséiert.
An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n° 3369 vum 19. Dezember 2025 ass erkläert ginn, datt aktuell keng konkret Upassung vun de Reegelen iwwer d'Iwwerdroung vu personaliséierten Immatrikulatiounsnummeren, notamment bei Firmen- a Leasinggefierer, virgesi wier. Et ass awer drop higewise ginn, datt dës Problematik am Kader vun enger méi globaler Iwwerpréiwung vum Regime vun de personaliséierten Autosplacke kéint analyséiert ginn.
An der Äntwert op eng rezent parlamentaresch Fro huet d'Madamm Ministesch mëttlerweil confirméiert, datt un enger Reform geschafft gëtt, déi d'Aféierung vu komplett personaliséierbaren Immatrikulatiounsnummeren zum Zil huet. An dësem Zesummenhang sollen och nei Kontrollmechanismen an eng Prozedur fir den eventuellen Entzuch vun onpassenden Immatrikulatiounsnummeren agefouert ginn.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten stellen:
- Wéi wäit sinn d'Aarbechten un der geplangter Reform vun de personaliséierten Immatrikulatiounsnummeren fortgeschratt? Gëtt et schonn ee genauen Zäitplang fir den Depot vum entspriechende Gesetzes- oder Reglementsprojet?
- Ass virgesinn, am Kader vun dëser Reform och déi aktuell Reegele fir d'Iwwerdroung vu personaliséierten Immatrikulatiounsnummeren ze iwwerpréiwen, notamment wann eng Persoun e Gefier vun enger Gesellschaft iwwerhëlt oder e Leasinggefier definitiv op hiren Numm umellt?
- Gëtt am Kader vun dëser Reform och d'Méiglechkeet analyséiert, d'Reservatiounsdauer vun engem Joer no der definitiver Ofmeldung vun engem Gefier ze verlängeren oder eng vereinfacht Prozedur fir d'Erneierung vun enger Reservatioun anzeféieren, besonnesch bei personaliséierten Immatrikulatiounsnummeren?
- Wéi eng Tariffer si fir déi zukünfteg personaliséierbar Immatrikulatiouns-nummeren virgesinn? Gëtt dobäi eng Differenzéierung tëscht enger éischter Reservatioun, enger Erneierung an enger eventueller Iwwerdroung envisagéiert?
- Wéi soll déi an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro n° 4875 erwäänt Examenskommissioun zesummegesat ginn, a wéi eng objektiv Critèrë sollen hirer Evaluatioun vun de proposéierte Buschtawen- an Zifferkombinatiounen zugronn leien?
- An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4594 gitt Dir un, datt et net virgesinn ass déi Immatrikulatiounsplacken, déi eng Buschtawekombinatioun enthalen, déi haut duerch d’Annex 6 vum ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 26. Januar 2016 ausgeschloss sinn, no an no aus dem Verkéier ze zéien. Eigentlech huet de Proprietär mat de bestoende Mechanismen d’Méiglechkeet dës Plack ëmmer nees ze erneieren an och ze blockéiere fir aner Gefierer bis e selwer decidéiert se net méi ze notzen. Wier et net ubruecht fir d’Plack just nach weider lafen ze loosse bis dat Gefier op deem se aktuell drop ass vum Proprietär ofgemellt gëtt? Soumat hätt een eng gewësse Previsibilitéit bis keng esou eng Immatrikulatiounsnummer méi hei am Land fiert an déi selwecht Restriktioune géingen sech fir all Proprietär vun engem Gefier uwenden.
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.