Léif Frëndinnen a Frënn,
mir freeën eis Iech op den Neijoerschpatt, Donneschdeg, den 8. Januar um 18:30 Auer am Centre Culturel "Syrkus" z'invitéieren.
Adresse vum Neijoerschpatt
Centre Culturel «Syrkus»
20 Route de Luxembourg
L-6910 Roodt-sur-Syre
Navette beim Cactus Rued-Syr
Wëll d’Zuel u Parkplaze virum Centre Culturel limitéiert ass, biede mir Iech, eis Navette virum Parking vum Cactus Rued-Sir (18, rue Strachen L-6933 Mensdorf) ze huelen.
Kuckt no de Schëlter "CSV Parking Navette" & "CSV Arrêt Navette".
D’Navette fuere vun 18:00 Auer bis 22:30 Auer all 5-10 Minutten.
Parkméiglechkeeten um Site
Um Site vum Centre Culturel "Syrkus" ginn et verschidde Parkméiglechkeeten.
- Blo: Hei kann zu all Moment geparkt ginn.
- Mof: Hei ka réischt ab 18:30 Auer geparkt ginn.
De Centre Culturel ass mat engem Punkt op der Kaart markéiert.
Mir freeën eis zesumme mat Iech all an dat neit Joer ze starten.
Luc Frieden
President
Laurent Zeimet
Fraktiounspresident
Françoise Kemp & Alex Donnersbach
Generalsekretären