Léif Frëndinnen a Frënn,
mir freeën eis Iech op den Neijoerschpatt, Donneschdeg, den 8. Januar um 18:30 Auer am Centre Culturel "Syrkus" z'invitéieren.
Vun 18:00 Auer un, kënnt Dir vun eiser gratis Navette beim Parking vum Cactus profitéieren.
>> Confirméiert Är Presenz wgl. via dëse Formulaire.
Wann dëst net sollt goen, kënnt dir eis iwwer Telefon um 22 57 31 bescheed soen oder e Mail op csv@csv.lu schécken. Opgepasst, d'Generalsekretariat ass tëscht vum 22. Dezember bis de 4. Januar zou.
Adresse
Centre Culturel «Syrkus»
20 Route de Luxembourg
L-6910 Roodt-sur-Syre
Navette
Wëll d’Zuel u Parkplaze limitéiert ass, biede mir Iech, eis Navetten ze benotzen, déi vum Cactus Rued-Sir (18, rue Strachen L-6933 Mensdorf) fueren.
D’Navette fuere vun 18:00 Auer bis 22:30 Auer all 5-10 Minutten.
Parkméiglechkeeten um Site
Um Site vum Centre Culturel "Syrkus" ginn et verschidde Parkméiglechkeeten. Op dëser Säit fannt Dir eng Iwwersiicht vun dësen.
- Blo: Hei kann zu all Moment geparkt ginn.
- Rosa: Hei ka réischt ab 18:30 Auer geparkt ginn.
De Centre Culturel ass mat engem Punkt op der Kaart markéiert.
Mir freeën eis zesumme mat Iech all an dat neit Joer ze starten.
Luc Frieden
President
Laurent Zeimet
Fraktiounspresident
Françoise Kemp & Alex Donnersbach
Generalsekretären