Ze kleng respektiv onzoutreffend Beschëlderung féiert an den Dierfer zu héiger Verkéiers- an Ëmweltbelaaschtung duerch den LKW-Verkéier.

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 695

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Zënter längerer Zäit scho fuere Camione vun der N7 kommend duerch Klierf fir an Industriezone Eselborn/Lentzweiler ze kommen obwuel Duerchfaart vu Klierf fir Camione verbueden ass. Doduerch kennt et zu enger erhéichter Verkéiers- an och Ëmweltbelaaschtung an der Uertschaft. Dës gëllt awer net nëmmen zu Klierf, och déi ëmleiend Dierfer si vun dëser Problematik vun de Camione betraff.

Laut eisen Informatiounen ass dësen Ëmstand virun allem enger ze klenger respektiv onzoutreffender Beschëlderung geschellt. Konkret geet em Beschëlderung zu Maarnech op der Haaptkräizung vun der N7 mat der N10, wou explizit op den “sens recommandé” higewise gëtt fir an Industriezone Eselborn/Lentzweiler ze kommen. Leider gëtt dës Recommandatioun duerch de Fait dass Schëlter ze kleng si vu ville Camionneure schlicht iwwersinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen.

  • Ass de Här Minister sech dëser Situatioun bewosst?
  • Ass den Här Minister bereet Beschëlderung ze optimiséiere an deem zb eng méi grouss Beschëlderung op der Kräizung vun der N7 mat der N10 installéiert gëtt?
  • Wessend dass vill auslännesch Camionneuren oft net de Schelder mä hirem GPS nofueren, misst een net generell am ganze Land Beschëlderung iwwerkucken déi de sens recommandé an déi verschidden Industriezone virginn, fir dass se virun allem vun den auslännesche Camionneure besser wouer geholl ginn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Aly Kaes                                                                    Emile Eicher

                                    Deputéiert

Zréck