Zanter Juli soll et eng Penurie vum medezinesche Cannabis ginn. Patienten mussen elo deelweis erëm op déi konventionell Medikamenter zeréckgräife, wat fir de mënschleche Kierper eng enorm Belaaschtung bedeit. Wat sinn d´Grënn fir déi Penurie? Wéi kann an Zukunft verhënnert ginn dass Leit hier Therapie mussen ofbriechen an erëm op staark Psychopharmaka mussen ëmsteigen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Zanter dem Akraafttrieden vum Gesetz vum 20. Juli 2018 iwwert de Verkaf vu medikamentéise Substanzen kënne z.B. Leit mat chronescher Péng oder Leit, déi duerch eng Chimiotherapie verursaachten Iwwelzegkeet, geplot sinn, mam medizinesche Cannabis gehollef kréien.

 

Eisen Informatiounen no, ginn et zanter Juli op en Neits Penurie vum medezinesche Cannabis, vum Typ Red2.

Patienten, déi also wärend Méint mat medezineschem Cannabis therapéiert goufen, mussen elo deelweis erëm op déi konventionell Medikamenter zeréckgräife fir dem Manktem vu Cannabis kënnen entgéint ze wierken.

Fir de mënschleche Kierper bedeit dat eng enorm Belaaschtung:

  • wéinst der Ëmstellung op eng nei Therapieform,
  • wéinst dem Neesophuelen vu Medikamenter mat méi negativen Niewewierkungen fir de Patient.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Kann d´Madamm Minister den aktuelle Manktem vu medezineschem Cannabis confirméieren ? Wa jo, wat sinn d´Grënn dofir? Ass déi aktuell sanitär Kris ee vun de Grënn dovunner ?
  • Wéi oft ass et schonn zu enger Penurie vun enger Zort vu medezineschem Cannabis komm ?
  • Wéi laang huet et all Kéier gedauert bis de Manktem behuewe war an d’Patienten hir Therapie nees konnte ophuelen ?
  • Wéi kann an Zukunft verhënnert ginn dass Leit hier Therapie mussen ofbriechen an erëm op staark Psychopharmaka mussen ëmsteigen?

De Koalitiounsaccord mentionéiert, dass zwee Joer nom Gesetz eng Evaluatioun vum medezinesche Cannabis soll gemaach ginn.

  • Ass des Evaluatioun schonn am gaangen?

 

  • Wéini soll des publizéiert gi? Wei eng konkret Aspekter ginn analyséiert? Wien mécht des Evaluatioun respektiv wäert d´Analysen aus?

Am Juni 2019 gouf de Quota vun de Quantitéiten déi op Lëtzebuerg dierfen importéiert ginn, gehéicht. D´OICS (organe international de contrôle des stupéfiants) huet fir Enn 2019 en Total vun 183 Kilogramm accordéiert.

  • Em wei eng Produiten (Bléien, Ueleger asw) huet et sech do genau gehandelt a wei vill Kilogramm hunn déi eenzel Produite bei dëser Commande ausgemaach?
  • Goufen Enn 2019/Uganks 2020 méi héich Quantitéite beim OICS ugefrot fir der steigender Demande nozekommen, respektiv zukünfteg Penurien virzebeugen? Wa jo wei vill Cannabisproduiten däerfen 2020 z.B. importéiert ginn?
  • Wéi vill Leit kruten 2019 medezinesche Cannabis vun hirem Dokter verschriwwen? Wéi vill Leit ginn 2020 mat medezinesche Cannabis versuergt?

Am CHEM befënnt sech déi eenzeg Apdikt, déi just Mëttwochs mëttes medezinesche Cannabis ausgëtt, wat zu organisatoresche Problemer féiert wat d´Ordonnancen an déi virgeschriwwe Quantitéit ugeet.

  • Gedenkt d´Madamm Minister d´Ëffnungszäiten am Kader vun der Evaluatioun vum Gesetz ze iwwerpréiwen a gegebenefalls ze adaptéieren?

Leit, déi eng Ordonnance hu fir medezinesche Cannabis, mussen dëse perséinlech an der Apdikt ofhuele goen. Fir Leit mat engem Handicap ass dëst oft eng ëmständlech a ustrengend Prozedur.

  • Gedenkt d´Madamm Minister et Leit mat engem Handicap ze erméiglechen en Drëtten dofir ze mandatéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen
Deputéiert

 

Jean-Marie Halsdorf
Deputéierten

 

Zréck