Wier eng zousätzlech Begleetpersoun beim Schwammunterrecht am C1 sënnvoll ?

D’Äntwert op des parlamentartesch Fro fann der hei : QP 1724

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.

 

De Schwammunterrecht ass fir d‘ Kanner e grousse Spaass- fir d‘ Enseignanten allerdéngs oft eng Erausfuerderung besonnesch wann si mat deene klengen aus dem C1 schwamme ginn. Eng Klass vun oft 15-18 Schüler gläichzäiteg ze superviséieren, duschen an hëllefen unzedoe fuerdert Konzentratioun a Multitasking-Fäegkeete vum Léierpersonal.

An deem Kontext wëlle mir folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéi vill Spillschoulsklasse gi schwammen?
  • Wéi vill Schüler sinn an der Moyenne an enger Klasse vum C1?
  • Ass de Minister der Meenung dat 1 Persoun duergeet vir eng ganz Klass wärend dem Schwammunterrecht (besonnesch virum Cour an nom Cour) ze encadréieren?
  • Ass de Minister net der Meenung dat d‘ Presenz vun enger weiderer Begleetpersoun och am Interessi vun der Sécherheet vum Kand wier?
  • Gedenkt de Minister d‘ Méiglechkeet vun enger weiderer Begleetpersoun dem Léierpersonal unzebidden?
  • Wa jo, iwwerhëlt de Ministère déi zousätzlech Chargen ?

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

 

Françoise Hetto                                                                                                                             Nancy Arendt

Deputeiert

 

Zréck