Wëssend datt an aneren Beräicher wéi dem Horescasecteur d’Schnelltester sur place eréischt ab dem 1. November 2021 ewechfalen, aus wéi engem Grond geschitt dëst schonn ab dem 19. Oktober 2021 am Sport an net eréischt och den 1. November ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Sport ewéi un d’Madamm Ministesch vir Gesondheet weider ze leeden.

Déi nei Covid-Check Dispositiounen bréngen eng Rei Froen mat sech an der Praxis.

An engem Communiqué vum 19. Oktober 2021 bedauert d’Fussballfederatioun (FLF) dass schonn ab geschter am Sportssecteur keng Schnelltester sur place méi kennen gemaach ginn. Laut dem neien Covid-Gesetz faalen d’Schnelltester sur place an aneren Beräicher wéi dem Horescasecteur awer eréischt den 1. November 2021 ewech.

Des weideren ass d’Gesondheetspersonal mengen Informatiounen no nach net informéiert ginn wéi an se d‘Tester sur place an de Clibb an wärend den Matcher kennen zertifiéieren, an notamment iwwert den Fonctionnement vum QR-Code.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt an aneren Beräicher wéi dem Horescasecteur d’Schnelltester sur place eréischt ab dem 1. November 2021 ewechfalen, aus wéi engem Grond geschitt dëst schonn ab dem 19. Oktober 2021 am Sport an net eréischt och den 1. November ?
  • Mengt d’Regierung net och datt wann een d’Reegelen am Sport un déi am Horesca ugepasst hätt, de Clibb d’Méiglechkeet ginn hätt sech ze organiséieren ?
  • Wéini kritt d’Gesondheetspersonal, dat déi zertifiéiert Tester sur place an de Clibb an wärend de Matcher mécht, déi néideg Informatiounen betreffend dem Fonctionnement  vum QR-Code, deen se de Negativgetesteten aushännegen mussen ? Kréien se den QR-Code iwwert Guichet.lu ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck