Wëssend, dass d’Fäll vu Cyber-Grooming ëm 160% an Däitschland wärend der Pandemie geklomme sinn, kann d’Regierung ons soe wéi de Confinement sech op d’Evolutioun vum Cyber-Grooming ausgewierkt huet?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister, un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, un den Här Minister fir Digitaliséierung, un d’Madame Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Representativen Zuele vum Nordrhein-Westfäleschem Landesamt fir Medien no, sinn an Nordrhein-Westfalen ongeféier 24% vun den 8- bis 18-järege schonn a Kontakt mat Cyber-Grooming komm a goufen iwwer online Chattubidder ewéi Whatsapp oder Facebook Messenger vu Léit dozou opgefuerdert, sexuell Handlunge vu sech selwer ze filmen an hinnen zoukommen ze loossen. An de meeschte Fäll ginn déi betraffe Kanner iwwer d’sozial Medien ewéi Facebook oder Instagram kontaktéiert, mais et kennt awer och ëmmer méi fir, dass d’Täter Chatt-Foren a beléifte Videospiller benotze fir de Kontakt zu hiren Opfer hierzestellen.

An dem Kontext, géing ech gär folgend Froen un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister, un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, un den Här Minister fir Digitaliséierung, un d’Madame Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Ass d’Regierung au courant vun den uewe genannten Zuele vum Landesamt fir Medien an Nordrhein-Westfalen?
  • Wëssend, dass d’Fäll vu Cyber-Grooming ëm 160% an Däitschland wärend der Pandemie geklomme sinn, kann d’Regierung ons soe wéi de Confinement sech op d’Evolutioun vum Cyber-Grooming ausgewierkt huet?
  • Huet d’Regierung änlech Statistiken ewéi déi vum Landesamt fir Medien an Nordrhein-Westfalen?
  • Wann nee, gedenkt d’Regierung driwwer no, eng representativ Ëmfro ënnert Jugendlechen ze lancéieren, fir Statistiken iwwert d’Prevalenz u Fäll vu Cyber-Grooming ze erstellen?
  • Wéi geet d’Police a Fäll vu Cyber-Grooming fir ?
  • Wéi gedenkt d’Regierung online Chatt Provider ze responsabiliséiere fir méi geschlosse géint Cyber-Grooming virzegoen?
  • Wéi laang mussen online Chatt Provider Chattverleef späicheren an deenen et zu Fäll vu Cyber-Grooming komm ass?
  • Fënnt d’Regierung, dass dës Zäit laang genuch ass?
  • Ass et scho virkomm, dass d’Police an engem Fall vu Cyber-Grooming net enquêtéiere konnt, well d’Date scho vum Provider gelëscht gi sinn?
  • Wéi vill Fäll vu Cyber-Grooming sinn der Police an der Regierung bekannt?
  • Gëtt d’Thematik vum Cyber-Grooming am Fach „Vie et société“ ugeschwat, fir d’Kanner op dës konkret Gefor am Internet opmierksam ze maachen?
  • Wëssend, dass d‘Chattkanäl vun online Videospiller ëmmer méi vun Täter benotzt gi fir a Kontakt mat hieren Affer ze kommen, wéi geet d’Police hei fir, fir Kanner viru potentiellen Täter ze schützen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck