Wéinst schwieregen Aarbechtskonditiounen a mangelnde Karriärsperspektiven wëllen eisen Informatiounen no vill Leit de CGDIS, a besonnesch den 112, verloossen. Wéi wäert an Zukunft verhënnert ginn, dass weider Agente vum 112 de CGDIS wëlle verloossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Am Moment lafe weider Rekrutementskampagne beim CGDIS. Laut eisen Informatioune ginn et op der anerer Säit och vill Leit, déi de CGDIS, a besonnesch den 112, wéilte verloossen. Grond wiere virun allem déi schwiereg Aarbechtskonditiounen a mangelnd Karriärsperspektiven. De Responsabelen vum 112 soll dës Situatioun och bewosst sinn.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch Informatiounen iwwer schwiereg Aarbechtskonditioune beim 112 confirméieren?
  • Wa jo – wéi soll an Zukunft verhënnert ginn, dass weider Agente vum 112 de CGDIS wëlle verloossen?
  • Wéi gesäit et um 112 mat de Karriärsperspektiven aus?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Max Hengel                               Léon Gloden

Deputéierten                              Deputéierten

Zréck