Wéini soll d’Waasserstofftankstell fäerdeg gestalt ginn? Ass de Sitte elo definitiv a goufen deementspriechend Verträg schonn ënnerschriwwen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Waasserstofftankstell zu Lëtzebuerg un den Här Energieminister an den Mobilitéitsminister weider ze leeden.

Säit laanger Zäit gëtt op ënnerschiddleche Sitte eng Waasserstofftankstell geplangt. Bis ewell ass des Iddie awer nach net ëmgesat ginn. Sou sinn d’Ministeren zum Beispill an der parlamentarescher Fro n°5607 vum 28. Januar 2022 op dat Thema agaangen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéini soll d’Waasserstofftankstell fäerdeg gestalt ginn? Ass de Sitte elo definitiv a goufen deementspriechend Verträg schonn ënnerschriwwen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck