Wéini gëtt d’Personal vun de “Pompes Funèbres” geimpft ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

 

An engem Bréif datéiert vum 14. Januar 2021, fuerdert d’Fédération des entreprises des pompes funebres et de cremation du Grand-Duché de Luxembourg de Gesondheetsministère op, d’Personal vun de Pompes Funèbres vir déi kommend Imphase ze invitéieren.

 

Ewéi d’Fédération des Entreprises des Pompes Funebres et de Cremation du Grand-Duché de Luxembourg ënnersträicht zirkuléiert d’Personal vun de Pompes Funèbres reegelméisseg an de Spideeler, an de Fleege- an Altersheemer an intervenéiert och dacks bei de Familljen doheem, wou se dann och mam Virus confrontéiert ginn an deen esou dann kënnen un hier Mattaarbeschter ewéi och u vulnerabel Persounen weiderginn.

 

Laut mengen Informatiounen ass bis dato kee vum concernéierte Personal geimpft ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

·       Kann d’Regierung matdeelen wéi vill Personal vun de Pompes Funèbres bis haut geimpft ass, respektiv wéi vill Personal nach net geimpft ass?

·       Ass d’Regierung och der Meenung datt d’Personal net nëmmen selwer engem Risiko ausgesat ass, mee de Virus och un vulnerabel Leit aus de Spideeler a Fleege- an Altersheemer kann weiderginn?

·       Gesäit d’Regierung fir des Persounen an hier Impfphasen ze integréieren vir datt des Bierger ouni Gefor hier Aarbecht kennen maachen ? Wann jo, wéini wier dat ?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt Ep. Kemp

Députéi

Zréck