Wéi well Regierung am Kontext vun den ze héijen NO2 Wäerter an der Gemeng Hesper den Trafic op de Stroossen limitéieren?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 135

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Problematik vun den NO2Wäerter a verschiddene Gemengen un d’Madamm Ëmweltministerin an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

An engem Courrier deen d’Madamm Ëmweltminister den 10. Oktober 2018 u verschidde Gemengen am Grand-Duché gericht huet, fuerdert Madamm Minister dës Gemengen op, verschidde Moossnamen ze ergräife wat déi héich NO2Wäerter an der jeeweileger Gemeng ugeet: « Je vous invite à mettre en oeuvre, le cas échéant avec les autorités étatiques, des mesures locales dans votre commune afin de réduire l’impact du trafic routier en général et celui des voitures Diesel en particulier».

An der Gemeng Hesper ass den zoulässegen NO2Wäert op verschiddene Stroossen iwwert dat ganzt Joer 2018 bedeitend iwwerschratt ginn.

Wëssend, dass de Verkéier deen iwwert Nationalstroossen an „chemin repris“ féiert ënnert der Verantwortung vum Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ass, wéilte mir gär folgend Froen un den zoustännege  Minister riichten.

·  Wat wëllt den Här Minister ënnerhuele fir den Trafic duerch dës Stroossen ze limitéieren?

·     Well den Här Minister eventuell op de Wee goe fir Gefierer mat Dieselmotor ze limitéiere souwéi Madamm Ëmweltminister dat an hirem Courrier vum 10. Oktober schreift? Wei kéint sou eng Limitatioun ausgesinn?

Zanter Jore gëtt vun enger Ëmgehungsstrooss ronderëm Alzeng/Hesper geschwat. Iwwert déi lescht Jore goufen eng sëlleche Studien an dës Richtung gemaach wat den optimaalsten Tracé fir dës Strooss kéint sinn. Den 20. Mäerz 2017 war eng diesbezüglech Presentatioun zu Réiser mat de Gemengeréit vu Réiser a vun Hesper. Deene béide Gemenge gouf confirméiert datt d’Consultation publique vun dëser Ëmgehungsstrooss Enn 2017 sollt sinn.

21 Méint méi spéit gouf nach ëmmer keng “Consultation publique” ofgehal.

An dësem Kontext wéilte mir der Madamm Ëmweltminister gär folgend Froe stellen:

·     Ginn et spezifesch Grënn firwat bal 2 Joer no dëser Presentatioun, d’Prozedur nach ëmmer net ugefaangen huet?

·     Kann d’Mme Minister eis soe wéini datt dës “Consultation publique” ofgehale gëtt?

·     Ass d’Mme Minister der Meenung datt betreffend den extrem schlechten NO2Wäerter an der Gemeng Hesper net schnellstméiglech eppes muss geschéie wat d’Verkéiersbelaaschtung ugeet?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies                                                              

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck