Wéi wëll d’Regierung méi Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich sozial Medie maachen ? Gëtt och den Emgank mat Kannerpornografie thematiséiert ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 558

 

Här President,

 

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister, den Här Medieminister an un den Här Justizminister weiderzeleeden.

Laut Informatiounen aus der Press, zirkuléiert ëmmer méi oft kannerpornografesch Material (Videoen/Fotoen) op de sozialen Netzwierker. D’Police huet an dësem Kontext gewarnt dat een sech strofbar mëscht wann een dëst Material kuckt, an och deelt.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen stellen:

Laut Aussoen aus dem Koalitiounsaccord well d’Regierung méi Sensibiliséierungsaarbecht am Beräich vun de sozialen Medien maachen ; « A l’âge des médias sociaux, il est important que les gens soient conscients qu’Internet ne constitue pas une zone de non-droit. Par conséquent, le projet « Bee secure » sera renforcé et la sensibilisation à ces sujets dans les écoles et les entreprises sera davantage promue. »

Kann d’ Regierung eis soen wei eng konkret Mesuren virgesinn ginn, fir souwuel Jugendlecher wei och Erwuessener am Ëmgang mat sozialen Medien ze responsabiliséieren?
Ass an deem Kontext och virgesinn fir d‘ Leit  ze informéieren wei eng Demarchen se sollen ënnerhuelen wann si mat kannerpornografeschem Material op de sozialen Netzwierker konfrontéiert ginn ?
Wat fir eng Moyen’s hunn mir fir dat esou Material zumindest esou schnell wéi méiglech vun de sozialen Netzwierker kann erofgeholl ginn?
Hunn mer genuch Personal bei der Police zu Verfügung fir mat Zäiten op esou Material ze reagéieren an et aus dem Verkéier ze zeien?
Mat déiwem Respekt,

 

Nancy Arendt ép. Kemp
Deputéiert

Zréck