Wéi wäit sinn d’Aarbechten am Tunnel „Schiebuerg“ mëttlerweil virugeschratt?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Froen un de Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

 

Nodeems et de 27. August 2022 bei Aarbechten um Tunnel „Schiebuerg“ op der Zuchlinn 10 tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz wärend Entretiensaarbechten zu engem Äerdrutsch komm ass, hat d’Regierung annoncéiert, dass den 11. Dezember 2022 des Stréck erëm fir de Persounentransport kéint opgoen. Deen Datum gouf awer en Dënschdeg de 15. November vun der CFL op enger Pressekonferenz op no der Ouschtervakanz korrigéiert.

 

Well dësen Incident enorm Repercussiounen op de Persounentransport am Norden an Emgéigend huet, an d’Alternativléisungen de Leit hir Zäitpläng staark beanträchtegen, wéilte mir folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit stellen:

 

  • Wéi wäit sinn d’Aarbechten am Tunnel mëttlerweil virugeschratt?
  • Huet de Minister wëlles d’Alternativléisunge méi attraktiv ze gestalten, elo wou d‘Zuchstreck nach fir eng länger Zäit gespaart bleift?
    • Wa jo, gesäit de Minister vir zousätzlech Expressbuslinnen anzesetzen?
    • Wa jo, wou a wéi oft?
  • Wéi eng weider Mesurë gedenkt d’Regierung ze huelen, fir dass d‘Leit weiderhi kënnen op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, ouni an hirem Alldag beanträchtegt ze sinn?

 

Här President, mir bieden Iech des Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Jean-Paul Schaaf

Aly Kaes

Emile Eicher

Zréck