Wéi vill verschidden Antibiotiquen a Form vun Sirop fir d’Kanner sinn am Moment zu Lëtzebuerg disponibel?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géingen mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no sinn zanter Méint nëmmen nach ganz wéineg verschidden Antibiotiquen fir Kanner a Form vun Sirop disponibel. Virun allem déi gängeg Präparater Augmentin an Zinnat sinn zanter enger Weil en Rupture de stock. Doduerch ass d’Situatioun an der Pediatrie extrem ugespaant. An dem Zesummenhang wollte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi vill verschidden Antibiotiquen a Form vun Sirop fir d’Kanner sinn am Moment zu Lëtzebuerg disponibel?
  • Am Fall, wou nëmmen nach eng ganz begrenzten Zuel un Präparater fir Kanner um Marché ass, wat sinn d’Ursaachen vun dëser reduzéierter Disponibilitéit?
  • Geet déi begrenzten Zuel un Antibiotiquen duer, fir d’Versuergung vun de Kanner ofzesécheren?

Max Hengel,                          Jean-Marie Halsdorf

Deputéierten                         Deputéierten

Zréck