Wéi vill Vëlosstroosse ginn et aktuell? An wéi enge Gemenge léien se?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

Fir fléissend a sécher Verbindungen tëscht den Haaptstroossen an de bestoende Vëlosinfrastrukturen ze garantéieren, goufen am Kader vum Code de la Route Stroossen a Vëlosstroossen (“rues cyclables”) ëmgewandelt. Dës hunn entspriechend Schëlder a Markéierungen um Ufank an Enn vun all Zone. Esou Ëmännerunge bréngen awer och d’Fuerderung no engem Ëmdenken am Stroosseverkéier mat sech.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

 

  • Wéi vill Vëlosstroosse ginn et aktuell? An wéi enge Gemenge léien se?
  • Wéi oft huet d’Police scho Kontrollen organiséiert fir ze kucken ob déi nei Vëlosstroosse respektéiert ginn?
  • Wéi vill Procès-verbaux sinn an deem Kader wéinst Verstéiss géint déi nei Dispositiounen aus dem Code de la Route vun der Police un de Parquet geschéckt ginn?

 

Här President, ech bieden Iech dës Fro, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Elisabeth Margue

Deputéiert

Zréck