Wéi vill Prozent vun den Testresultater si feelerhaft ? Ginn am Zweiwelsfall Testresultater duerch weider Tester iwwerpréift ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet iwwer d’Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester weider ze leeden.

  1. Ginn et nei Informatiounen zur Zouverlässegkeet vun de COVID-19 Tester déi hei zu Lëtzebuerg gemaach ginn?
  2. Wéi vill Prozent vun den Testresultater si feelerhaft?
  3. Ginn am Zweiwelsfall Testresultater duerch weider Tester iwwerpréift?
  4. Ginn et Ënnerscheeder tëscht de Large Scale Tester an den Tester déi een op Ordonnance vum Dokter ka kréien?
  5. Gëtt et eng uniformiséiert Prozedur jee nodeems a wéi engem Laboratoire se ausgewäert ginn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

Zréck