Wéi vill Pompjeeën an aner Asazkräfte vum CGDIS waren am Kader vun der Iwwerschwemmungskatastroph am Ganzen am Asaz ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Inneministesch weiderzeleeden.

A verschidde Regioune vum Land sinn de 14. an de 15. Juli iwwer 100 Liter Reen op de Quadratmeter gefall. D’Konsequenz waren Iwwerschwemmungen an engem enormen Ausmooss. Iwwer 6000 Telefonsuriff si beim Noutruff 112 agaangen, d’Rettungsdéngschter hu ronn 1200 Asätz assuréiert, an iwwer 400 Leit hunn zäitweileg hire Logement misse verloossen. Dës Iwwerschwemmunge si vun der Association des Compagnies d’Assurances (ACA) als „Catastrophe la plus coûteuse de l’histoire de l’assurance luxembourgeoise“ qualifizéiert ginn.

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madame Inneministesch stellen :

  • Wéi vill Pompjeeën an aner Asazkräfte vum CGDIS waren am Kader vun der Iwwerschwemmungskatastroph am Ganzen am Asaz ?
  • Kann d’Madame Inneministesch eng détailléiert Statistik vun allen Asazkräfte virleeën, opgeschlësselt no professionellen a fräiwëllege Rettungsleit, no Affectioun un de jeweilegen Zenter an no de Gemengen, wou se de 14. a 15. Juli am Asaz waren ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Gilles Roth

Zréck