Wéi vill Persounen sinn aktuell am Besëtz vun enger ministerieller Autorisatioun fir de Beruff vum Psychotherapeut zu Lëtzebuerg auszeüben ?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Per Gesetz vum 14. Juli 2015 gouf zu Lëtzebuerg de Beruff vum Psychotherapeut offiziell unerkannt.

Den Artikel 20 vum virgenannte Gesetz huet fir den Zougang zu deem Beruff, Iwwergangsbestëmmungen festgeluecht, déi wärend 3 Joer nom Akraafttrieden vum Gesetz zum Droe kéimen.

Déi mental Gesondheet vun eiser Gesellschaft huet duerch d’Pandemie gelidden an et ginn ëmmer méi Leit, dorënner vill Jonker, déi eng therapeutesch Behandlung froen an och brauchen.

 

Aus dësem Grond wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen :

  • Wéi vill Persounen sinn aktuell am Besëtz vun enger ministerieller Autorisatioun fir de Beruff vum Psychotherapeut zu Lëtzebuerg auszeüben ?
  • Wéi vill Psychotherapeuten konnte bis dato vun den Iwwergangsbestëmmunge profitéieren ?
  • Wéi vill Demanden, op Basis vum Artikel 20 vum Gesetz vum 14. Juli 2015, sinn aktuell nach unhängeg am Gesondheetsministère ?
  • Wéi vill Demanden, op Basis vum Artikel 20 vum Gesetz vum 14. Juli 2015, goufe refuséiert ?
  • Wat war d’Begrënnung vun dëse Refusen ?
  • Wéi vill vun deenen Refusen goufe viru Geriicht ugefecht an a wéi ville Fäll kruten déi betraffe Leit Recht viru Geriicht ?
  • Wéi geet d’Madamm Ministesch mat Fäll ëm, déi vum Geriicht zréck u si verwise goufen (en prosécution de cause), wou et awer evident ass, dass d’Konditioune vum Gesetz erfëllt sinn, och virum Hannergrond vun engem rezenten Urteel vun der Cour administrative (n°45993C / 46024C)?
  • Sinn där Affären (en prosécution de cause) nach bei der Madamm Ministesch unhängeg ?
  • Wa jo, wéi vill Leit sinn dovu betraff ?
  • Firwat kréien déi betraffe Leit net déi hinne zoustoend Autorisatioun ?
  • Riskéiert de Staat net, op kuerz oder laang, vun de Betraffenen op Schuedenersatz verklot ze ginn ?
  • Wéi verhält sech déi zréckhalend Positioun vun der Madamm Ministesch mat der Annonce vun der Regierung der mentaler Gesondheet vun de Leit, déi néideg Opmierksamkeet ze schenken ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Léon Gloden

Zréck